D’Chamber diskutéiert iwwert eise Walsystem. Wéi sécher ass de geplangten elektronesche Vott? Wéi solle Wieler am Ausland agebonne ginn? A wat huet dat mat de Bezierker an dem Walrecht ze dinn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Hei gouf probéiert eng Reform vun hannen no fir ze maachen. Et ass ee vum Resultat – dem elektronesche Vott – ausgaangen an et huet een net gekuckt, firwat mécht een dat iwwerhaapt“, seet de Pol Reuter. „Déi Froen, déi een sech am Ufank hätt misste stelle wieren: Wéi kenne mer eis Wale vereinfachen? Wat kenne mer maache fir d’Participatioun ze verbesseren? Wat kenne mer maache fir datt d’Leit sech net iere beim ausfëlle vum Walziedel? An wéi kënne mer de ganze System sécher maachen? Dat ass dat wat hei verpasst gouf“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

D’Parlament well eise Walsystem reforméieren. An dëser Episod geet et och ëm den Haaptpunkt vun dëser Reform: dem elektronesche Vott. Dobäi geet et em vill méi, wéi just eng technesch Upassung. „U sech ass et egal ob et Cyberattacke gouf. Et geet duer, datt et Desinformatiounscampagnë gëtt, déi soen, datt et der gouf an doduerch Leit Wale kontestéieren. Doduerch geet d’Vertrauen an d’Politik verluer an dat ass vill méi schlëmm, wéi ee potenzielle Virdeel vun e-Voting“, seet de Pol Reuter.

De Journalist vu Reporter.lu geet och op d’Punkte vun der méiglecher Reform an, déi méi grondleeënd Froen opwerft. Nämlech ween an Zukunft nach wielen dierf. Et stellt sech d’Fro vun 160.000 Lëtzebuerger am Ausland, déi 30 Prozent vun alle Wieler ausmaachen, an duerch e-Voting ganz einfach kéinten mat stëmmen. „Wann tatsächlech jiddereen un de Wale géing deelhuelen, dee walberechtegt wier, da géing d’Unzuel u Wieler am Bezierk Zentrum sech verduebelen“, sou de Pol Reuter. „Dann stellt sech natierlech d’Fro, ob een een eegene Walbezierk bräicht fir dës Wieler. Wann een dat mëscht, ginn déi aner da méi kleng? Oder ginn et dann 20 Deputéiert méi? Alles dat ass momentan net kloer“, seet de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema