Aktuell gëtt un enger Reform vum Gemengegesetz geschafft. Wat soll sech domat änneren? Wourun stéieren sech d’Deputéiert? A wat seet dat iwwer hiert d’Demokratieverständnis aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat Mindest, wat een sech vun engem Deputéierte kéint erwaarden, ass, dass een e Gesetz, vun deem ee selwer betraff ass, kennt. Mee hei weist sech, dass se mol net där Ufuerderung kënne gerecht ginn.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ a bezitt sech do op eng rezent Kommissiounssëtzung an der Chamber, an där iwwert Ännerungen um Gemengegesetz diskutéiert gouf. „All déi Leit, déi do an där Kommissioun sëtzen, sinn oder waren zumindest Gemengeconseiller, déi meescht souguer Schäffen oder Buergermeeschter. An ech froe mech wierklech, wat fir en Demokratieverständnis do Verschiddener hunn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Domat bezitt de Pol Reuter sech op Punkten am geplangte respektiv am aktuelle Gemengegesetz, déi verschidden Deputéiert entweder net kannt hunn oder mat deenen si „hir Probleemer“ haten. Een esou ee Punkt war, wéini Conseilleren am Gemengerot wéi eng Froen un de Schäfferot stellen dierfen. „Déi Saach gëtt an de verschiddene Gemenge ganz ënnerschiddlech ausgeluecht. Dat ass méi wéi däitlech ginn an där Kommissioun“, erkläert de Pit Scholtes. „Ech mengen, verschidde Politiker hunn sech do jo scho bal skandaliséiert gewisen. Do gesi mer wierklech krass Divergenzen an der Gemengepraxis, seet de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter an de Pit Scholtes beschwätzen an dëser Episod awer och, wat sech dann elo konkret soll mat der Reform vum Gemengegesetz änneren. Virun allem d’Modalitéite vun enger „Motion de censure“ ginn ugepasst. Donieft goung et awer och ëm d’Iwwerdroung an de Replay vu Gemengerotssëtzungen a wéi do de „Huis clos“ gehandhaabt gëtt. Béid Journaliste befaassen sech an deem Kontext awer och mat de sëllegen Affären ëm Interessenskonflikter, déi et an de leschte Joren an de Gemenge goufen. An natierlech dierf an esou enger Diskussioun och de „Klassiker“ vun den Duebelmandater net feelen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema