Zu Den Haag goufen dës Woch nei NATO-Ziler fir d’Memberlänner decidéiert. Mee wat heescht dat elo konkret? Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? A kéint Europa sech domat wierklech aleng verdeedegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Et war en historesche Rendez-vous, fir deen sech d’NATO-Länner dës Woch am hollänneschen Den Haag getraff hunn. Ëmmerhin hunn si do dee gréissten Invest an déi gemeinsam Defense säit dem Enn vum Kale Krich decidéiert. Dat a Presenz vum Donald Trump a virum Hannergrond vum aktuelle Konflikt tëscht Israel an dem Iran. „Dat hat scho bal eppes vun enger inzenéierter Reality-TV-Show, wéi do den US-President hoféiert gouf“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“.
Op d’Interventioun vun den USA am Krich tëscht Israel an den Iran bléckt hie mat Suerg. „Et stellt sech d’Fro: Wéi eng Legitimatioun hat deen Ugrëff? An do si mer dann natierlech bei de Parallellen zum Krich an der Ukrain, wou jo d’Argument vu ville Staatscheffe war, dat do d’Vëlkerrecht verletzt gouf. Mee wat war dann den Ugrëff op den Iran?“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Wat elo dat nei Fënnef-Prozent-Zil vun der NATO ugeet, do rappeléiert de Pit Scholtes, datt dat fir Lëtzebuerg pro Joer ongeféier dräi Milliarden Euro bedeit. An deen Debat, wou déi Sue sollen investéiert ginn, empfënnt hien als zimmlech abstrakt an ze kuerz gegraff. „Wann d’Regierung seet, datt Investitiounen an d’Defense och mussen en Impakt op Lëtzebuerger Wirtschaft hunn, dann ass dat jo novollzéibar, mee et huet een domat jo awer nach keng Fäegkeeten, déi een zu engem Bündnis kéint bäisteieren. Also: Dréit dat dozou bäi, d’europäesch Populatioun virun enger Attack ze schützen?“, freet sech de Journalist.
Bei där ganzer Diskussioun kéim awer virun allem d’Lëtzebuerger Arméi ze kuerz: „Wat ass hir Roll an deem Ganzen, déi jo eigentlech fir d’Defense zoustänneg ass?„, sou de Pit Scholtes, dee virum Kuerzem och en Interview mam Arméischef Steve Thull gefouert huet. Zousätzlech Ausgabe konkret fir d’Arméi wieren nämlech net virgesinn an do géingen sech awer wesentlech Froe fir d’Lëtzebuerger Gesellschaft stellen: „Wéi kréie mir eis Arméi an hirer Roll ënnerstëtzt? Bei der Personalfro? Bei der Remuneratioun? Bei der gesellschaftlecher Unerkennung? Mee mat esou Froen, doe mir eis zu Lëtzebuerg schwéier“, fënnt de Pit Scholtes.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



