D’USA gesinn Europa net méi als historeschen Alliéierten an d’EU-Staate froen sech, wéi reagéieren. Wéi steet et ëm déi transatlantesch Relatiounen? Oder anescht gefrot: Gëtt et „de Westen“ iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass elo net esou, datt déi transatlantesch Partnerschaft eriwwer ass. Mee et gëtt eng grouss Onsécherheet. Et ass einfach keng Verlässlechkeet méi op Säite vun den USA do, wat awer ëmmer een Atout vun där Partnerschaft war“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Wat dat fir Europa bedeit an ob eise Politiker déi ganz Envergure wierklech bewosst ass, do huet de Chefredakter vu Reporter.lu awer Zweifel. „Ech mengen, bei villen schwéngt awer nach eng Hoffnung mat, datt dat alles nees iergendwéi an d’Rei geet.“

Dat géing och weisen, wéi wäit Europa an deem westlechen Denke verhaft wier, datt am Fong alles géing op d’USA projezéiert ginn. „Et kéint ee jo och soen, realpolitesch hu mir déi dote Situatioun an elo bezéie mir eis mol op eis“, seet de Christoph Bumb. „Et ass jo och eng Chance fir Europa: Wa mir säit Joerzéngte soen, datt mir musse méi onofhängeg ginn, datt mir mussen eng méi staark Kooperatioun opbauen an der Defense, mee och wirtschaftlech, jo wéini, wann net elo?“, freet sech de Journalist.

Eng wierklech Strategie gesäit och de Laurent Schmit nach net. Dat géing och fir den aktuellen Handelskrich ëm d’Douanestaxe gëllen. „Déi grouss Fro ass, wat ass d’Strategie vun den USA iwwerhaapt. Wann een déi net erkennt, dann ass et och schwéier, fir als EU ze reagéieren“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Hie kann dann och déi rezent Entrevuë vum Lëtzebuerger Ausseminister mat verschiddene Membere vun der Trump-Regierung net novollzéien. „Wat bréngt dat a firwat mëscht de Xavier Bettel sech do an, wann d’EU-Kommissioun exklusiv responsabel ass fir d’Handelspolitik“, sou de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema