Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen. Et war eng vu ville Mesure. Wéi ass d’Aarbecht vun der Regierung réckbléckend ze bewäerten? A wat fir Conclusioune sinn doraus ze zéien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Proportionell sinn an der Pandemie zu Lëtzebuerg déi meeschte Leit an Altersheemer gestuerwen am Verglach mat anere Länner. Dat ass fir mech definitiv dee Beräich, wou et am schlëmmsten ofgelaf ass. An ech hunn deemools scho fonnt a fannen et och haut nach, datt dat hätt misste politesch Konsequenzen hunn“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“, a bezitt sech do virun allem op déi deemoleg Familljeministesch Corinne Cahen. Och de Waringo-Rapport hätt jo gewisen, datt et do ganz vill Mëssstänn goufen. „Et ass esou vill schif gelaf an datt dat bis haut alles relativéiert gëtt, fannen ech wierklech schockéierend“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Fir de Pol Reuter huet et och an de Schoulen un engem schlëssege Konzept gefeelt. Et wier einfach Chance gewiescht, dat et do net zu gréisseren Infektiounsclustere komm wier, sou de Journalist vu Reporter.lu.  „De Bildungsminister ass deemools mat der Prämiss eraus gaangen, datt een sech net an der Schoul infizéiert. Mee spéitstens am November 2020 huet een awer gesinn, datt dat einfach net méi de Fall war. Do ware Schüler disproportionell vill infizéiert par Rapport zum Rescht vun der Bevëlkerung. De Claude Meisch huet awer nach ëmmer u sengem Discours festgehalen. An réckbléckend muss e soen, datt de Minister do einfach extrem Chance hat“, seet de Pol Reuter.

Béid Beräicher si fir d’Journalisten dann och Beispiller, datt Politik am léifsten dat ganzt Thema wéilt hannert sech loossen a net wierklech un engem Opschaffe vun der Pandemie interesséiert ass. Do eraus géing sech awer och d’Fro erginn: Wéi si mir fir d’Zukunft gerüst? „Wann eng nächst Pandemie kënnt, do muss ee prett sinn. An do hunn ech awer ganz grouss Zweifel, datt mir dat sinn“, seet de Laurent Schmit. Et wier néideg, sech op deen Zenario virzebereeden an dat och gesetzlech, fënnt dann och de Pol Reuter: „Ech verstinn, datt d’Gesondheetsministesch Martine Deprez lo wëll d’Gesetz zur Santé publique op de Leescht huelen. Mee ech verstinn awer net, firwat net och gläichzäiteg kann e konkret Pandemie-Gesetz virbereet ginn.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema