D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D’Caritas retten, heescht, dass een den Iwwergang manner chaotesch ka gestalten“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Et hätt ee kéinte verhënneren, datt verschidden Aktivitéite vun der Caritas doduerch gestoppt ginn. Mee d’Regierung hätt emol net probéiert d’Organisatioun ze retten, esou de Journalist vu Reporter.lu.

Dee Constat géif net nëmme fir de Premier, mee och fir den Ausseminister a Vizepremier gëllen. „De Xavier Bettel als Minister vun der Kooperatioun huet net ganz vill gemaach fir déi Projeten ze retten. Déi meescht Projete goufen iwwerholl vum internationale Caritas-Reseau. Wat mëscht en dann iwwerhaapt?“, freet de Laurent Schmit.

Wärend d’Lëtzebuerger Justiz a Police nach no de Schëllegen an der Affär sichen, géif sech haut awer schonns d’Fro vun der Verantwortung stellen, seet de Christoph Bumb. „Et gëtt keen Acteur, deen iergendwéi och nëmmen ugedeit huet, datt hie géif Responsabilitéit fir dee ganze Schlamassel géif spieren, geschweige denn iwwerhuelen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Weder d’Politik, nach d’Caritas selwer an och net d’Banke géifen hei hire jeeweilegen Deel vun der Responsabilitéit iwwerhuelen, sou de Christoph Bumb nach. Ee Statement vun de Banke gouf et bis elo zum Beispill nach net. Dobäi wéisst dat ganzt Land mëttlerweil „wei fahrlässeg déi zwou Banken an der ganzer Affär gehandelt hunn“.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema