D’Luxair stécht an enger déiwer Kris. Grond dofir ass net just d’Pandemie: d’Airline ass säit Joren an enger schwiereger finanzieller Situatioun. Dozou kennt en ugespaant Verhältnis tëscht Personal an Direktioun. Dorëms geet et an der neier Episod vun „On the Record“.
Bei der Luxair gesäit et den Ament besonnesch schlecht aus: d’Airline ass geplot vu finanzielle Schwieregkeeten, an engem schlechten Aarbechtsklima bedéngt duerch Iwwermiddung vum Personal déi mat engem héijen Undrang vu Fluchpassagéier konfrontéiert ass.
„Wanns du mat manner Leit muss schaffen an dee selwechte Service bidden, ass et normal, dass du iergendwann un deng Limitte geréits. Zemools well hinne Leit op ville kritesche Punkte feelen: Groundhandling, Catering, Piloten“, seet de Journalist Luc Caregari vu Reporter.lu.
Enn September steet eng Aviatiouns-Tripartite un. Op de sozial Dialog tëscht Gewerkschaften an Direktioun geléngt, schéngt zweiwelhaft: d’Fronten tëscht béide Säiten si verhäert. D’Positioun vun der Regierung ass iwwerdeems kloer: Nëmmen d’Personal an d’Direktioun vun der Luxair kënnen d’Situatioun verbesseren.
Iwwer d’Hannergrënn vun der Luxair-Kris schwätzen de Laurent Schmit an de Luc Caregari am Podcast „On the Record“.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
