D’Regierung huet nach e puer Reformen op der Agenda. Dat politescht a soziaalt Klima ass awer ugespaant. Wéi beaflosst dat déi eenzel Projeten? A wéi vill Reformwëllen huet dës Koalitioun iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Déi politesch Summerpaus ass eriwwer, d’Sozialronnen och. An där hiren Ausgaang wäerten d’Atmosphär an der Politik sécher nach weider beaflossen. Dat mécht déi Reformen, déi d’Regierung nach wëll respektiv muss ugoen, net méi einfach. Notamment déi, wou si op d’Sozialpartner ugewisen ass, wéi bei der Finanzéierung vun der Krankekeess. „D’CNS huet u sech nach manner an de Reserve wéi d’Pensiounskeess, do muss elo séier reagéiert ginn. An do ass d’Fro, op sech déi verschidden Acteuren an enger Quadripartite wäerten eens ginn“, seet dozou de Pol Reuter am Podcast „On the Record“.

Zesumme mam Pit Scholtes mécht de Pol Reuter an dëser Episod en Ausbléck op déi Sujeten, déi an dëser Legislatur nach op der politescher Agenda stinn. Dat geet vun de Projeten zu den Ouvertureszäiten an der Sonndesaarbecht am Commerce iwwer d’Upassunge vum Pensiounssystem, der Bekämpfung vun der Aarmut an dem Projet „Alpha“ an der Schoul bis zur der Aféierung vun enger Mobiliséierungssteier am Logement an der Vereinfachung vun de Prozeduren.

A net ze vergiessen, d’Individualiséierung vum Steiersystem. „Do stellt sech schonn d’Fro: Wéi ass et mat deem Walkampfslogan ‚Méi Netto vum Brutto‘? Wa nach eng Steierreform kënnt, déi fir verschidde Leit vläicht net esou avantagéis ass, da muss een sech froen, wéi vill déi Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun um Ufank vun der Legislatur wierklech bruecht huet“, mengt de Pit Scholtes – deen och eppes zum Trounwiessel am Oktober ze soen huet.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema