De Walkampf geet eréischt am September offiziell lass. Bis dohinner halen sech déi meescht Politiker mat konkrete Proposen zeréck. Firwat ass dat esou? An op wéi eng Strategie setzen d’Parteien an de nächste Wochen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Summervakanz ass helleg. Dat gëllt och fir d’Politik – an och an engem Waljoer. Bis elo leeft de Walkampf jiddefalls nach net op Héichtouren. Dat hätt zu Lëtzebuerg eng gewëss Traditioun, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Et géif à ce stade ganz wéineg ëm inhaltlech Froe goen, mee éischter em héich gekacht Kontroversen an taktesch Manöver, fir bei de Wieler ze punkten, sou de Politikjournalist vu Reporter.lu.
De groussen Challenge vun der Oppositioun wär dowéinst, datt si versiche misst, hir eegen Themen ze setzen. Dat géif momentan awer och net geschéien, sou de Pol Reuter weider. D’CSV wier bis elo virun allem domadder beschäftegt, hire Spëtzekandidat Luc Frieden an d’Vitrinn ze stellen an déi Regierungsparteien mat frowierdeger Polemik ze attackéieren.
DP, LSAP an Déi Gréng géif dat Feelen vun enger substanzieller Debatt kloer an d’Kaarte spillen – jo, et wier souguer Deel vun hirer Strategie. Déi „asymmetresch Mobiliséierung“ wier virun allem bei Regierungsparteie beléift. Et géif dorëms goen, nëmmen keng Kontroversen auszeléisen, déi enger vun de Koalitiounsparteie kostbar Stemme kaschte kéint, erkläert de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




