Firwat sinn d’Ausgabe vu Politiker bei Auslandsreesen interessant? Wourunner moosst een den Interêt public vu journalistesche Recherchen? A wéi kéint den Informatiounszougang besser gereegelt ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi kënnt eng Recherche wéi déi vu Reporter.lu iwwer d’Auslandsdepensë vu Ministere zustan? An op wéi eng Hindernisser stousse Journalisten dobäi? D’Journalistin Charlotte Wirth huet fir Reporter.lu ënnert anerem den Artikel „Die Spesen des Franz Fayot“ recherchéiert an domat ee Präzedenzfall beim Zougang zu staatlechen Dokumenter geschaf. Am Podcast „On the Record“ erzielt si, wéi si bei der Recherche virgaangen ass a gëtt hir Aschätzung doriwwer, firwat sou Informatiounen am allgemengen Interessi leien.
„Et ass ganz einfach“, seet déi zu Bréissel baséiert fräi Journalistin. „Suen, déi fir sou Reesen ausgi ginn, dat si jo Steiergelder. An dem Sënn ass et legitim ze gesinn, ob den Ëmgang mat deene Suen responsabel ass.“ Dobäi wär de Journalismus och absolut an senger Roll, fir dat ze iwwerpréiwen an domat fir déi néideg Transparenz am politesche Betrib ze suergen, sou d’Charlotte Wirth. Den Zougang zu sou Dokumenter wier zu Lëtzebuerg allerdéngs ëmmer nach problematesch. Dofir hätt si schonns eng Rei Beispiller an hirer Karriär gehat.
An déi Debatt iwwer den Informatiounszougang ass zu Lëtzebuerg entretemps awer Beweegung komm. D’Regierung huet net just ugekënnegt, déi Spesenpraxis vu Ministeren op de Leescht ze huelen. Si wëll och ee sougenannt Auskunftsrecht fir Journalisten am Gesetz verankeren. Wat dat fir d’Transparenz an déi journalistesch Aarbecht am Alldag bedeite kéint, erkläert de Laurent Schmit vu Reporter.lu am Podcast.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




