No enger Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff gouf de „Registre des beneficiaires effectifs“ ofgeschalt. Wat bedeit dat fir d’Transparenz vun der Finanzplaz an fir d’Praxis vun investigativem Journalismus? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Zanter 2019 war et prinzipiell fir all Bierger méiglech, erauszefannen, wiem eng Lëtzebuerger Firma gehéiert. De sougenannte „Registre des beneficiaires effectifs“ – kuerz: RBE – war e wichtegt Instrument an der Lutte géint Blanchiment, mee och fir Recherchë vu Journalisten. Wéi den Europäesche Geriichtshaff lescht Woch awer decidéiert huet, kéint den RBE an der aktueller Form net weider bestoen. D’Regierung huet dorop reagéiert an den Accès zum RBE ofgeschalt.

Déi Decisioun wier „e klore Réckschrëtt“ fir Transparenz, de Kampf géint Geldwäsch, an awer och fir d’Aarbecht vu Journalisten, déi problematesch Praktike vun Entreprisen thematiséiere wëllen, seet de Luc Caregari vu Reporter.lu. Am Podcast „On the Record“ schwätzt hien iwwer seng Erfarunge mam RBE a gëtt seng Aschätzung, ob a wéi op mannst Journalisten erëm Accès op de Register kréie kéinten.

De Luc Caregari ass Journalist bei Reporter.lu a schafft och reegelméisseg bei internationale Recherche vum „International Consortium of Investigative Journalists“ (ICIJ) oder vum „Organized Crime and Corruption Reporting Project“ (OCCRP) mat. An dem Kontext war hien och um Projet „Openlux“ bedeelegt, dee mat Hëllef vum RBE noweise konnt, datt Lëtzebuerg ëmmer nach d’Heemecht vun Dausende vu Bréifkëschtefirmen ass.

All weider Detailer lauschtert dir an der neister Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“.

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema