D’Schëlder mat „A vendre“ bléiwe laang hänken. Nei Zuele beleeën, datt nëmme wéineg Immobilien kaaft ginn. D’Präisser falen. Wéi geet et weider a wéi reagéiert d’Politik op déi Situatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Grad mol 174 nei Appartementer goufen an den éischten dräi Méint vum Joer verkaf. D’Zuel vun Transaktiounen ass sou niddreg wéi matten an der Finanzkris 2009. Dat weist den neie Rapport vum Observatoire de l’Habitat, deen dës Woch rauskomm ass. D’Hoffnung op eng kuerzfristeg Verbesserung geet erof.
D’Regierung huet Mesuren an Héischt vun 150 Milliounen Euro annoncéiert. Dat géif de Manktem un Investment vun 550 Milliounen Euro um Immobiliëmarché nëmmen zum Deel opfänken, betount de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. Blo-Rout-Gréng géing de Bausecteur wëlle schützen, mee awer och op eng Korrektur vun den Immobiliëpräisser setzen, seet de Journalist vu Reporter.lu. „D’CSV geet do éischter op d’Linn fir de Wieler ze schütze virun negativen Auswierkunge vun der Zënsentwécklung an d’Präisser stabil ze halen“, analyséiert hien.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


