D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d‘Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„D‘Interesse vun der Finanzplaz ze verdeedegen ass legitim. Et muss ee just ëmmer erkennen, bis wouhin.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Et misst een ëmmer wëssen, ab wéini Lëtzebuerg als EU-Member op Solidaritéit setze misst. A wann ee géing gesinn, datt dat, wat zu Lëtzebuerg geschitt, extreem zum Nodeel vun anere Länner ass, da wier sou eng Verdeedegung net méi legitim, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Et geet dorëms, datt ee fréi genuch erkennt, wéini et Zäit ass sech ze änneren“, seet de Laurent Schmit. Beim Bankgeheimnis wär dee Punkt verpasst ginn, bei der exzessiver Praxis vun de Steierrulings och. De Finanzsecteur wär och net mat aner Industrien ze vergläichen, well een an der Vergaangenheet gesinn hätt, datt et do kriminellt Handelen an engem immens groussen Ëmfang gouf, sou nach de Laurent Schmit.

D‘Fro iwwert e méiglecht Ophiewe vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet an der EU wäert an de Ae vum Laurent Schmit ëmmer méi drängend ginn. „Et ass schonn e Paradox, wann ee seet, mir si fir eng méi grouss EU, mir wëlle méi Memberstaaten, an et ass jo awer kloer, datt een datt mat Eestëmmegkeet an esou wichtege Froen net areeche kann“. An déi Empörung, déi een da bei Blockage vum ungaresche President Victor Orban an aner Beräicher géing weise, wier dann awer e bësse kritikabel, wann een op der aner Säit dat och fir sech wéilt an Usproch huelen, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema