Déi lescht Woch huet gewisen, wéi eng Auswierkungen héich Temperaturen op d’Liewen zu Lëtzebuerg kënne hunn. Wéi war d’Land dorop virbereet? Wéi gouf d’Situatioun geréiert? A wat fir Léiere musse lo gezunn ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Wat mir bei dëser Hëtztwell gesinn hunn, ass, dass mir net prett si fir de Klimawandel. Mir hu ganz vill Saachen, déi mir gläichzäiteg mussen ugoen, fir op esou eng nächst Kris besser virbereet ze sinn. An ech gesi momentan net wierklech de politesche Wëllen, fir dat ze maachen“, seet de Pol Reuter. „Ech gesinn de politesche Wëlle fir eng Steierreform a fir méi héich Militärausgaben, mee net fir eng Klimapolitik, déi vläicht och mol nervt“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
An dëser Episod schwätzen de Pol Reuter an de Pit Scholtes iwwer déi rezent Hëtztwell, hir Envergure, hir Auswierkungen an hir Ursaachen. Si befaassen sech mam Krisemanagement vun den Autoritéiten an do natierlech och mat der Situatioun an de Schoulen. „Do kann et a mengen Aen net sinn, een do d’Verantwortung an d’Entscheedunge just op d’Gemengen an d’Léierpersonal aleng erofbrécht. Do mussen op d’mannst mol kloer Krittären agefouert ginn, wéini et eigentlech onméiglech ass, iwwerhaapt nach Schoul ze halen“, seet de Pit Scholtes. „De Staat huet eng Responsabilitéit vis-à-vis vun de Kanner an och vis-à-vis vu sengem Personal.“
D’Journaliste vu Reporter.lu diskutéieren awer eben och doriwwer, wat Politik misst maachen, fir datt Lëtzebuerg op esou Situatioune besser virbereet ass. An do geet et natierlech och ëm d’Fro vun der Begréngung an de Stied, notamment an der Haaptstad. „Et brauch ee méi Begréngung an der Stad. Natierlech ginn et Bëscher, mee d’Quartiere bestinn haaptsächlech aus Stroossen. An ech fannen dat ass eng onverantwortlech Politik vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer gewiescht, mee ech si frou, datt si elo eppes wëll anescht maachen“, sou de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu





