Lëtzebuerg kritt eng nei Verfassung. Wourëms geet et bei dëser Reform? Wat bedeiten déi Ännerunge fir de politesche System an de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng laang Period geet op en Enn: Nächst Woch soll an der Chamber endlech déi grouss Verfassungsreform gestëmmt ginn. Den Text vum Lëtzebuerger Grondgesetz, un dem ronn zwee Joerzéngte geschafft gouf, soll moderniséiert an un déi politesch Realitéite vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn.
Punktuell gëtt duerch déi Reform awer och d’Lëtzebuerger Demokratie gestäerkt – an dat souwuel duerch d’Opwäertung vum Parlament a senger Kontrollfunktioun vun der Regierung wéi och duerch d’Aféierung vun der sougenannter Volleksinitiativ. Dat seet de Politikjournalist Pol Reuter vu Reporter.lu am Gespréich mam Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Allerdéngs géif sech och weisen, datt d’Politik méi néideg fundamental Reforme vum demokratesche System net ugeet an och eng wierklech breet Debatt iwwer d’Verfassungsreform verhënnert huet.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


