Aus der geplangter Gemengepolice gëtt eng „Police locale“. Ass dat just eng Marketingaktioun oder eng pragmatesch Politik? Wéi soll dat Konzept hëllefen? A wat seet dëse Projet iwwert de Regierungsstil aus? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass sécher net dat, wat versprach gi war.“ Dat seet de Gilles Siebenaler iwwert de Pilotprojet vun enger „Police locale“ an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch. Fir de Journalist vu Reporter.lu ass dat Konzept, wéi et elo ëmgesat gëtt, iergendwou tëscht Symbol- a Realpolitik unzesidelen. „Et ass dat, wat am legale Kader méiglech war, an awer konnten CSV an DP heimat en Zeechen un hir Wielerschaft senden“, sou de Gilles Siebenaler am Podcast „On the Record“.

Déi Meenung deelt de Pit Scholtes. Fir hie stellen sech awer Froen, wéi et nom Pilotprojet weidergeet. Eng sou eng Fro wier d’Finanzéierung, wou d’Gemengen sech elo net bedeelege sollen. „Am Walkampf waren déi Äusserunge vum Léon Gloden nach anescht“, erënnert sech de Journalist vu Reporter.lu. Do wier d’Iddi scho gewiescht, datt d’Gemengen sech un der Finanzéierung sollte bedeelegen. „D’Fro wäert scho sinn, op, wann dat Konzept längerfristeg a landeswäit soll ëmgesat ginn, op dat Verspriechen, datt d‘Gemengen do kee Geld brauchen ze investéieren, wäert oprecht erhale ginn“, sou de Pit Scholtes.

Souwuel de Pit Scholtes wéi de Gilles Siebenaler empfannen et awer als berouegend, wéi dat Konzept vun där lokaler Police elo ëmgesat gëtt. Et géing een hei net „mat der Briechstaang“ virgoe wéi nach beim Heescheverbuet, seet de Pit Scholtes. Fir de Gilles Siebenaler ass virun allem wichteg, datt d‘Decisioun, wéi a wou déi „Police locale“ agesat gëtt, nach ëmmer bei der Police selwer géing leien – zumindest mol an enger éischter Phas.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema