Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Implizit seet een domat: Leit, déi sech näischt méi bei eis kënne leeschten, déi haten ebe Pech.“ Dat seet de Pit Scholtes am Podcast „Reporter On The Record“ a mengt domat d’Erhéijung vun de Akommes-Krittäre vun der „Société nationale des habitations à bon marché“ (SNHBM). Dat wär en Offenbarungseid vis-à-vis vum Modell vun der SNHBM, mengt de Journalist vu Reporter.lu. „Wann d’Hallschent vun der Mëttelschicht abwärts de facto ausgeschloss gëtt fir eng Wunneng vun der SNHBM ze kréien, kann déi jo net méi de Krittär vun der Abordabilitéit erfëllen“, sou de Constat vum Pit Scholtes.

Bei de Präisser vun de Wunnege vun der SNHBM, déi plazeweis net wäit ewech vun deenen um normale private Marché leien, géing d’SNHBM dann och net méi hirer Missioun gerecht ginn, mengt de Pit Scholtes. Fir wierklech abordabele Wunnraum ze schafen, misst d’Politik d’Decisiounen huelen, fir anescht un den ëffentleche Wunnraum erunzegoen. „Firwat erlabe mir beim ëffentlech Wunnraum net, datt deen à fonds perdu geschafe gëtt wéi aner ëffentlech Infrastrukturen oder Servicer?“, freet sech de Journalist.

„Komme mir eng Kéier op de Punkt, datt mir de Logement als sozial Infrastruktur gesinn an net als eppes, wat sech muss rechnen?“, freet sech de Pit Scholtes weider. Hien denkt dobäi un e Modell wéi zum Beispill an Éisträich, wou een als Gesellschaft decidéiere géing: „Esou vill investéiere mir an de Logement, déi Wunnenge gehéieren dann dem Staat, deen se da senge Bierger zur Verfügung stellt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema