Lëtzebuerg huet sech an der EU dofir agesat, den Oligarch Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. Wéi ass dat ze beurteelen? A wat bedeit dat fir de Schuedenersatz, deen hie fuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et war laang Zäit d’Fro, ob d’Ukrain oder d’Lëtzebuerger Finanzplaz der Regierung méi wichteg ass. D’Äntwert huet laang relativ kloer gewierkt, lo schéngt dat e bëssen ze kippen, an dat ass awer problematesch.“ Dat seet de Laurent Schmit a der neier Episod vum Podcast „On the Record“, wou et ëm de Fall vum russeschen Oligarch Mikhail Fridman geet. Deen steet jo elo net méi op der Sanktiounslëscht vun der Europäescher Union, an dat eben ob Initiative vu Lëtzebuerg. „Dat ass ganz kloer e Rass an der Sanktiounspolitik, déi ee virdru verdeedegt huet an elo quasi fale léisst“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Um Handele vun der Regierung stéiert de Laurent Schmit virun allem, datt si „hiren eegene Standarde net méi gerecht gëtt“. Fir dat ze illustréieren, erënnert hien nach eemol un d’Diskussiounen op EU-Niveau doriwwer, datt agefruere russesch Gelder der Ukrain sollten zur Verfügung gestallt ginn, a wéi de Premier Luc Frieden do der Belsch „an de Réck gefall war“. Ganz niichter betruecht erkennt de Journalist am Fall Fridman eng gewëss Realpolitik vun der Regierung un, hie freet sech awer, op si do „dee richtege Move“ gemaach huet.

De Laurent Schmit ass nämlech manner optimistesch wéi d’Regierung, datt den Asaz vu Lëtzebuerg fir d’Ophiewe vun de Sanktioune géingt de Mikhail Fridman dozou féiert, datt dat Schiedsverfaren, an deem den Oligarch 15 Milliarden Euro Schuedenersatz fuerdert, kann zu engem positiven Enn fir de Grand-Duché bruecht ginn. „Ech mengen, datt d’Regierung sech do gewalteg täuscht“, seet de Journalist, deen an dem Kontext op d’Argumentatioun vum Mikhail Fridman ageet, awer och op europäesch Texter, déi explizit verbidden, datt ee Land Schuedenersatz opgrond vun EU-Sanktiounen bezillt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema