Reporter-Podcast „On the Record“

Déi nei Oppositioun

Foto: Mike Zenari

Wéi séier kënnen LSAP an Déi Gréng an hir Oppositiounsroll fannen? Wéi wäert eng ADR mat Fraktiounsstäerkt d’Chamber veränneren? A wéi wäit ass d’Oppositioun gëeent oder gespléckt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

An der neier Legislaturperiod fënnt virun allem d’LSAP sech an enger ongewinnter Situatioun erëm. Déi éiweg Regierungspartei ass lo an der Oppositioun. „Dat wäert e grousse Challenge fir d’Partei ginn“, seet de Gilles Siebenaler. „Et ass awer och eng Chance fir d’LSAP, lo mol eng sozialistesch Politik ze maachen, ouni Récksiicht op e Koalitiounspartner, an domat Schwéierpunkten ze setzen“, mengt de Journalist vu Reporter.lu.

Datt et an der Chamber zu enger gëeenter Oppositioun, vläicht souguer zu engem traditionelle Lénksblock kënnt, dat erwaart sech de Luc Caregari net. Fir eng enk Zesummenaarbecht mat Déi Lénk géingen ze ënnerschiddlech Positioune ginn. „Dobäi kënnt, datt Déi Lénk wëssen, datt, wann eng LSAP an der Oppositioun ass, da mussen si sech vun hinnen ofgrenzen, fir dono nees kënne gewielt ze ginn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi nei Konstellatioun gëtt och fir d’Piraten en Challenge. „D’Oppositioun ass méi staark a méi lénk. An do ass et schwéier fir d’Piraten, hiert Profil als Oppositiounspartei ze schäerfen“, mengt de Pit Scholtes. „Lo mussen si sech virun allem vis-à-vis vun enger ADR ofgrenzen an sech awer och eng Eegestännegkeet zur LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk schafen“, sou de Journalist vu Reporter.lu. D’ADR kéint d’Piraten als Protestpartei ofléisen. „Lo wou d’ADR mat enger konservativ-liberaler Regierung konfrontéiert sinn, wäert et  awer och fir si méi schwéier ginn, Positiounen anzehuelen, déi iwwert déi vun der Regierung raus ginn“, seet de Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema