Wéi eng Aussepolitik féiert Lëtzebuerg an enger Welt, déi zanter Méint duerch de Krich an der Ukrain gepräägt gëtt? Wat ass vun de Prioritéite vum Ausseminister ze halen, déi dës Woch an der Chamber virgestallt goufen? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Déi russesch Aggressioun an der Ukrain huet d’Welt verännert – an domat och d’Lëtzebuerger Aussepolitik. Den Ausseminister schwätzt vun engem „Paradigmewiessel“, deen sech op vill aner Konflikter auswierke géif. „Dës aussepolitesch Ried ass déi schwéierst an der Preparatioun gewiescht, well déi international Situatioun därmoossen opgewullt ass“, sou de Jean Asselborn dës Woch an der Chamber.
Mee wat heescht dat konkret? Vu wéi engen Interessen a Konzepter gëtt d’Lëtzebuerger Aussepolitik geleet? Wéi glafwierdeg ass den Discours vum Ausseminister a punkto Russland, China oder bei an anere potenzielle Konfliktthemen? Iwwer déi an aner Froe schwätzt de Christoph Bumb, Grënner a Chefredakter vu Reporter.lu mam Journalist Pit Scholtes, deen sech fir Reporter.lu och ëmmer erëm mat der Lëtzebuerger Aussen- a Sécherheetspolitik beschäftegt huet.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




