Wéi erwaart huet d’AfD d’Walen a Sachsen-Anhalt däitlech gewonnen. Wéi konnt et dozou kommen? Wat bedeit dat fir Däitschland an doriwwer eraus? An ass esou en Zenario och zu Lëtzebuerg denkbar? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Dës Wal ass schonn eng Zäsur an der Geschicht vun der Bundesrepublik Däitschland, wann déi éischte Kéier eng an engem Bundesland als geséchert rietsextreem agestuufte Partei Wale gewënnt“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu konstatéiert mat Bléck op d’Ufäng vun der Partei: „D’AfD gëtt an Ostdäitschland einfach zu groussen Deeler als eben d’Partei fir Ostdäitschland wouergeholl, woumat si mat ganz niddregschwellegen Offeren och hire Walkampf gefouert huet.“ Dat wier awer nëmmen ee Grond fir hiren Opstig.
„E gëtt net deen ee Grond“, seet och de Christoph Bumb. Wesentlech Faktore wieren awer de wirtschaftleche Wandel, d’Sozialpolitik an awer och d’Thema Migratioun. „Och wann et sécherlech Erfollegsgeschichte gëtt bei der Migratioun an Däitschland, goufen et awer och plazeweis Schwieregkeete bei der Integratioun. An et ginn offensichtlech ëmmer méi Leit, an dat kann ee bewäerte, wéi ee wëll, déi dat als Probleem opfaassen“. De Chefredakter vu Reporter.lu gesäit dora virun allem e Versoe vun den etabléierte Parteien, an hir feelend Asiicht, Probleemer unzeerkennen a Responsabilitéit dofir ze assuméieren.
Déi zwee Journaliste blécken och op d’Reaktiounen zu Lëtzebuerg, wou den Diskurs vun de „Parteie vun der Mëtt“ deem an Däitschland änelt, wat fir de Christoph Bumb déi falsch Approche ass: „De Kär vum Probleem ass, datt déi Parteien, déi bis elo d’Regierungspolitik gepräägt hunn, am Fong alles dofir maachen, fir de populisteschen Diskurs, an doriwwer schwätze mer bei Rietsextremiste, méi staark oder virun allem ze einfach maachen“, seet de Chefredakter vu Reporter.lu. „Fir Lëtzebuerg ass et nach net ze spéit, fir esou eng Entwécklung opzehalen. Mee och hei ass ze spieren, datt Politiker am Fong eng aner Sprooch schwätze wéi e groussen Deel vun der Populatioun“, sou de Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




