Beim Tankrabatt war een sech an der Tripartite oneens. Wat bedeit dat fir d’Koalitioun a fir d’Union syndicale? A misst net méi iwwer den Index geschwat ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’lescht Woch hu Regierung a Sozialpartner sech op eng Verlängerung vun de Mesurë géint déi héich Energiepräisser gëeenegt. De Premier Luc Frieden huet dobäi betount, wéi wichteg de sozialen Zesummenhalt zu Lëtzebuerg an dëse schwieregen Zäiten ass. A puncto Tankrabatt waren sech awer net all Bedeelegt eens. An do waren d’Ënnerscheeder tëscht de Koalitiounspartner CSV an DP zum Deel ganz grouss, wéi de Pol Reuter weess: „Et ass erstaunlech, wéi haart déi Diskussioune waren. Am Regierungsrot virun dëser Tripartite-Sëtzung wier een do schonn zimmlech unenee geroden. An dat ebe well d’DP eng Verlängerung vum Tankrabatt net wollt matdroen an d’CSV de Mesurëpak net nees wollt opmaachen“, esou de Journalist vu Reporter.lu.

Zesumme mam Pit Scholtes geet de Pol Reuter dann och dorop an, wat hannert deenen ënnerschiddleche Propose stécht a wéi nohalteg dat d’Entente an der Koalitioun kéint belaaschten. Dat Selwecht gëllt fir d’Zesummenaarbecht an der Union syndicale, wou sech OGBL an LCGB och net eens a punkto Tankrabatt waren. Si erënneren un d’Ufäng vun dëser „Zweckgemeinschaft“ a beschwätzen d’Beweeggrënn hannert de Positioune vun den zwou Gewerkschaften.

Béid Journaliste befaassen sech awer och mam „Elefant am Raum“, wéi den UEL-President Marc Lauer den Index bezeechent huet. Well méi wéi jee waren déi lescht Tripartite dovun dominéiert, wéi een ze vill Indextranchen hannertenee verhënnere kéint. „D’Tripartite, déi jo am Fong e Kriseninstrument ass, riskéiert zu engem rengen Indexgremium ze ginn. An do besteet Gefor, datt een aner Froen, déi och mam Index zesummen hänken, ausklammert“, seet de Pit Scholtes. „Mee duerch déi héich Inflatioun ass een hei an esou engem Zyklus gefaangen, wou keen en Auswee eraus weess. An ech mengen, et huet och einfach keen Interêt, fir dee Sujet opzegräifen“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

An dëser Episod äussert sech awer och de bäigeuerdente Chefredakter vu Reporter.lu dozou, datt hir Journalistin Véronique Poujol aktuell am Viséier vun enger diffaméierender Website ass. De Laurent Schmit betount, datt déi Virwërf, déi op där Säit anonym erhuewe ginn, falsch sinn, d’Redaktioun dat Virgoe schaarf verurteelt an déi ganz Ekipp hannert dem Véronique Poujol steet. D’Journalistin huet dann och Plainte beim Parquet agereecht.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema