Den Debat iwwer d’Steierreform war deels animéiert. Wéi sinn d’Positioune vun den eenzelne Parteien ze bewäerten? A wat ass letztlech d’Zil vun der Reform? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E Mëttwoch gouf an der Chamber d’Steierreform gestëmmt. Den Debat war zum Deel hëtzeg – an intellektuell onéierlech, soen de Pol Reuter an de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. „Hei gouf am Fong probéiert, d’Schéinheetsfeeler an de Positioune vun de Parteien ze iwwertünchen“, fënnt de Laurent Schmit. An engem Kommentar op Reporter.lu huet de Journalist de Parteien dann och „Opportunismus statt Verantwortung“ attestéiert. 

Zesumme mam Pol Reuter bewäert de Laurent Schmit an dëser Episod awer net nëmmen den Discours vun de Majoritéitsparteien CSV an DP, mee och dee vun der Oppositioun, notamment dee vun der LSAP an Déi Gréng. „Et ass schonn intellektuell net fair, der Regierung virzegeheien, si géing d’Monoparentallen net entlaaschten. Well eng vun den éischte Mesurë vun dëser Regierung war esou eng Entlaaschtung an eng Upassung vun der Steierklass 1A“, erkläert de Pol Reuter. Hien geet dann och am Detail op déi aner Kriticke vun Déi Gréng an och op déi alternativ Reformvirschléi vun der LSAP an.

Béi Journaliste setzen sech awer och intensiv mat der Fro auserneen, wat dann eigentlech dat wierklecht d’Zil vun dëser Reform ass, déi laut dem Finanzminister Gilles Roth (CSV) „méi wéi just eng Steierreform“ ass: Eng Upassung un d’Realitéit? Eng grouss Gesellschaftsreform? Souguer eng Fro vu Fräiheet, wéi d’DP sot? „Insgesamt hätt ech mir an dësem Debat manner Brimborium gewënscht“, seet de Laurent Schmit. „Et wier méi éierlech gewiescht, dee ganzen Iwwerbau ze reduzéieren an einfach ze soen, wat et ass, amplaz d’Leit fir domm ze verkafen: Dës Reform ass eng Vereinfachung, eng politesch gewollten Entlaaschtung fir jiddereen, a gerecht ass se net“, sou de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema