Fir d’éischte Kéier waren zu Lëtzebuerg onerlaabten Dronen ënnerwee. Wéi sinn déi Virfäll anzeschätzen? Huet d’Regierung richteg kommunizéiert? A wéi kann sech Lëtzebuerg fir d’Zukunft besser opstellen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Lëtzebuerg war preparéiert“, sot de Premier Luc Frieden (CSV) zu den Dronevirfäll vu leschter Woch. D’Journaliste vu Reporter.lu analyséieren, dat wat geschitt ass, awer méi nuancéiert. „Villes huet fonctionéiert, mee d’Kommunikatioun net“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.
Zesumme mam Pit Scholtes mécht hien an dëser Episod de Point, wat haut gewosst ass a wat d’Regierung bereet ass, matzedeelen. Et wiere gréisser an net kommerziell Drone gewiescht, déi an de Lëtzebuerger Loftraum agedronge wieren. Déi Dronen hätten och Positiounsliichter ugehat. Ob russesch Acteuren dohanner stiechen, wéilt d’Regierung net soen, well se net spekuléiere wéilt. „D’Drone ware warscheinlech ënnerwee fir Panik an Disruptioun ze verursaachen an d’Dispositiffen ze testen, déi en place sinn“, sou de Laurent Schmit
„Lëtzebuerg ass keng Insel, gëtt gesot. Mee et gëtt net versicht, et an e gréissere Kontext an eng Risikoanalys ze setzen“, kritiséiert sengersäits de Pit Scholtes. Déi Drone fléien nuets, fir datt een net feststelle kann, wou se hierkommen a wien se gestart huet – dat ass de Kär vun där Strategie. „Et ass präiswäert an e nëtzlecht Mëttel vun der psychologescher Krichsféierung fir Russland“, erkläert hien. D’Zil wier, d’Hëllef fir d’Ukrain ze stoppen, sou de Journalist.
„Mir wësse lo, datt et e Plang vun der Regierung gëtt, wéi ee mat Dronen ëmgeet. Mee offensichtlech huet e vergiess, dora festzeleeën, wat een der Bevëlkerung seet“, stellt de Laurent Schmit fest. Hie gesäit do Parallelle mat der Krisekommunikatioun am Fall vum Féier am belschen Héije Venn. „D’Bierger huelen eppes wouer, mee si kréie keng Aschätzung vun der Regierung. Villes wat lo dësen Donneschde gesot gouf, hätt d’Regierung och scho kënne méi fréi erklären“, seet de Laurent Schmit
D’Virfäll um Fluchhafen zu Leipzig wier en neie Moment am Handele vu Russland gewiescht, erkläert de Pit Scholtes. De russesche Präsident Wladimir Putin hätt decidéiert weider z’eskaléieren. Dat géifen och déi rezent Sabotage-Akten um europäeschen Zuchreseau weisen, seet hien. Och d’Warnunge vum franséische Präsident Emmanuel Macron wieren an dem Kontext ze verstoen. Lëtzebuerg wëll sech besser opstelle fir d’Zukunft a weider Equipement kafen. De Premier wollt awer keng Detailer nennen, och net zu de budgetäre Moyennen. Déi Geheimhaltung wier iwwerdriwwen, fënnt de Laurent Schmit. D’Nopeschlänner, zum Beispill d’Belsch, wieren doranner vill méi transparent, sou de Journalist.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






