D’Feier am Héije Venn hat en direkten Impakt op Lëtzebuerg. Wéi grouss war d’Gefor duerch den Damp? Gouf fréi a präzis genuch informéiert? A wéi ass generell d’Krisekommunikatioun ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Also ech hunn an de leschten Deeg ganz vill un den Ufank vun der Covid-19-Pandemie geduecht, wou mir eis och als Journalisten all Dag gefrot hunn: Wat leeft do? Weess da kee Bescheed? Wat sinn d’Krittären? Hunn si ee Plang? A meeschtens war d’Äntwert: Nee.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ iwwer d’Kommunikatioun vun de nationalen Autoritéiten zum Feier am belschen Héije Venn, wou den Damp dee leschte Weekend iwwer de Grand-Duché gezunn ass. „Generell muss ee konstatéieren: D’Krisekommunikatioun zu Lëtzebuerg ass extreem schlecht“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
De Laurent Schmit zitt an dëser Episod e Bilan doriwwer, wat vun offizieller Säit kommunizéiert wéini gouf, a bléckt ganz kritesch dorop. Dat virun allem am Hibléck op déi gesondheetlech Risike fir bestëmmte Gruppen an der Bevëlkerung opgrond vun der Schuedstoffbelaaschtung an der Loft. D’Aussoe vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) dozou bezeechent hien als „grenzwäerteg“. An och iwwer d’Reaktiounen an d’Erklärunge vum „Haut-Commissaire à la protection nationale“ Guy Bley a vum Generaldirekter vun der „Securité civile“ Alain Becker kann hien sech nëmme wonneren.
„Generell war déi ganz Kommunikatioun einfach net adequat a wéineg hëllefräich“, seet de Laurent Schmit. Fir de Journalist ass et dann elo och virun allem wichteg, dass déi richteg Schlëss doraus gezu ginn. „Et ass elo néideg, datt ee Léieren aus deene Feeler zitt an net behaapt, et hätt ee guer kee Feeler gemaach. Wann eng Majoritéit vun de Leit seet, dat do ass net gutt gelaf, da muss een déi néideg Schlëss aus dem Feedback zéien, fir et déi nächste Kéier besser ze maachen“, sou de Laurent Schmit.
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.



