D’Regierung hat sech eng grouss Simplificatioun administrative virgeholl. Mee si Reforme wéi de „Once only“ esou einfach ëmsetzbar? Oder d’Digitaliséierung bei der Steierverwaltung? An dat alles bis 2028? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’CSV-DP-Koalitioun huet sech d‘Simplificatioun administrative respektiv eng generell Vereinfachung vun de Prozeduren op de Fändel geschriwwen. Mëttlerweil leien dozou och e puer Projete vir. Dorënner d’Reform fir d’Aféierung vum sougenannte „Once only“-Prinzip, wou et elo och en Avis vum Staatsrot gëtt. De Pit Scholtes huet sech méi genee mat deem befaasst a seet dozou am Podcast „On the Record“: „Wat an der Theorie einfach a plausibel kléngt, also datt d’Bierger dem Staat just eemol hir Donnéeë musse ginn an deen se da fir all Demarche kann notzen, dat stellt sech an der Praxis dann awer méi schwiereg duer. Do stellen sech virun allem Froen, wéi déi Date verwalt ginn an natierlech, wéi dat mam Dateschutz vereenbar ass, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Froe stellen sech och bei der Digitaliséierung vun der Steierverwaltung. De Laurent Schmit hat ënner anerem doriwwer en Interview mam där hirem Direkter Jean-Paul Olinger gefouert an deelt deem säin Optimismus nëmme bedéngt: „Et ass déi grouss Fro, op déi Digitaliséierung bis 2028 ofgeschloss ass, wann d’Individualiséierung vum Steiersystem soll a Kraaft trieden. D’Agenten hunn elo schonn eng ganz héich Aarbechtsbelaaschtung an et wier ganz ongënschteg, wann se d’Individualiséierung nach missten an deem ale System ëmsetzen“, sou de Laurent Schmit.

Béid Journaliste vu Reporter.lu blécken dann och skeptesch dorop, op déi Reformen um Enn wierklech dat halen, wat d’Regierung versprécht. „Wat fir mech e bëssen eng Mogelpackung ass, ass, datt ee seet, et wier eng Simplificatioun administrative. Well d’Reegele ginn net méi einfach. D’Prozedure gi beschleunegt bezéiungsweis vereinfacht, mee do gëtt awer eng Erwaardungshaltung opgebaut, déi vläicht herno net wierklech kann erfëllt ginn“, seet de Laurent Schmit. An de Pit Scholtes mengt: „Wat ech e bësse problematesch gesinn, ass, datt een sech fir all déi Reformen, dee fixen Delai do gëtt vun 2028. Well een sech domat eng Fallhéicht setzt, déi, wa se scheitert, vu jiddwerengem dann och sou benannt wäert ginn: Dir hat dat versprach fir 2028 a lo gëtt et näischt.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema