Aktuell gëtt un engem Deontologie-Kodex fir Gemengepolitiker geschafft. Firwat besteet grad bei hinnen e Risiko vun Interessenskonflikter? A wat muss aus dem Fall Roberto Traversini geléiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Zu Lëtzebuerg koum et an de leschte Joren ëmmer nees zu Fäll vu méiglechen Interessenskonflikter vu Politiker. Dee bekanntsten ass sécherlech dee vum fréieren Déifferdenger „Député-Maire“ Roberto Traversini, deen dofir och d’lescht Woch an éischter Instanz verurteelt gouf. „De Parquet hat do viru Gericht gesot, dat den Interêt vun deem Prozess wier, datt an Zukunft Leit mat engem ëffentlechen Amt méi schaarf nodenke sollen, wann se privat Interessen hunn. An ech mengen, dat kann ee just ënnerschreiwen“, seet dozou de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. De Journalist hat net nëmmen dee Prozess fir Reporter.lu suivéiert, mee befaasst sech säit hiren Ufäng mat där Affär.
De Laurent Schmit an de Pol Reuter schwätzen an dëser Episod awer net nëmmen iwwer dës Affär, mee och iwwer ganz vill aner rezent Fäll an iwwer e „Code de déontologie“ fir Kommunalpolitiker, un deem aktuell geschafft gëtt. An do wonneren sech béid Journalisten net nëmmen, wéi „schlecht“ deen Text ass, mee och iwwer en nach ëmmer „feelend Bewosstsinn“ bei ville Politiker. „Hei geet et jo ëm eppes: ëm d’Vertraue vun de Bierger an déi Leit, déi si vertrieden. An fir als Gemengepolitiker ze mengen, dass dat Vertrauen net extreem Schued geholl huet mat deenen Affären aus de leschte Joren, do muss een awer da wierklech froen, wat déi Politiker esou matkréien“, seet de Laurent Schmit.
De Gemengesyndikat Syvicol stéiert sech dann och dorun, datt Politiker an Zukunft d’Kaddoen, déi si kréien, an e Register sollen androen. Och dat stéisst bei de Journaliste vu Reporter.lu op wéineg Versteesdemech. „Et geet einfach extreem séier um Gemengenniveau, fir engem do ganz vill kënnen entgéint ze kommen. An dowéinst ass esou ee Register och net vu Muttwëll an ech ka wierklech net novollzéie, firwat dat esou ee Problem ass bei eppes, wat wierklech e geréngen Opwand wär“, seet de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu





