Och véier Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schéngt e Fridde wäit ewech. Wéi ass d’Situatioun aktuell? Wéi ee Bild gëtt Europa an deem Konflikt of? A wéi ass d’Lag vun den Ukrainer zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Ech hunn d’Gefill, datt dat hei en Never-ending-War kéint sinn“, seet de Christoph Bumb zum véierte Joresdag vum Krich an der Ukrain. Dat well notamment Russland bis lo objektiv keen Interêt hätt fir dee Krich op en Enn ze bréngen. „Op d’mannst keen Enn, wat realistesch ass, a wou d’Ukrainer sech hallefweegs kéinten an de Spigel kucken“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
Och de Luc Caregari huet wéineg Hoffnung op en zäitnot Enn vum Krich. De Journalist vu Reporter.lu kritiséiert dann och, datt d’EU et elo net fäerdeg bruet huet, weider Hëllefe fir d’Ukrain a weider Sanktioune géint Russland ze decidéieren. Dat mengt och de Christoph Bumb, fir deen dat „e grandioost Scheiteren“ ass. „Méi e schlechte Message grad elo op deem Joresdag gëtt et net, wëll et weist, datt Europa hei faktesch keng Roll spillt.“
Et kann een als Lëtzebuerger Ausseminister och mol laanscht e Mikro goen, ouni datt een eppes muss soen, well esou Aussoen droen a kenger Form zur Saach bäi.“Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu
Virun deem Hannergrond bléckt hien och ganz kritesch op déi „Floskelen“ an „Durchhalteparolen“ vun den europäesche Politiker – an och deenen aus Lëtzebuerg. Datt den Ausseminister Xavier Bettel elo nach ëmmer betount, datt hien um Ufank vum Krich „Friddensverhandlungen“ mam Wladimir Putin a Wolodymyr Selenskyj gefouert hätt, datt ass fir de Chefredakter vu Reporter.lu dann och „schwéier ze erdroen“ an „un Absurditéit net ze iwwerbidden“.
„Jidderee kann sech virstellen, wat e Lëtzebuerger Politiker do fir e Poids huet“, sou de Christoph Bumb nach, deen sech domat op rezent Aussoe vum Ausseminister a Vizepremier zu Bréissel bezitt. „Et kann een als Lëtzebuerger Ausseminister och mol laanscht e Mikro goen, ouni datt een eppes muss soen, well esou Aussoen droen a kenger Form zur Saach bäi“. De Luc Caregari schwätzt sengersäits vu „Fremdschämen“.
Mir hunn zu Lëtzebuerg en Asylrecht an et ass fir e Minister net würdeg, esou Aussoen ze maachen.“Luc Caregari, Journalist bei Reporter.lu
Alles anescht wéi zur Saach bäidroe géifen an den Ae vu béide Journalisten dann och d’Aussoe vum Inneminister Léon Gloden – an der Defenseministesch Yuriko Backes. Déi soten an de leschten Deeg, datt et „komesch“ oder och e „Problem“ wier, datt d’EU der Ukrain hëlleft, gläichzäiteg awer ukrainesch Männer géingen an d’EU kommen, amplaz am Krich ze kämpfen. „Mir hunn zu Lëtzebuerg en Asylrecht an et ass fir e Minister net würdeg, esou Aussoen ze maachen“, betount de Luc Caregari.
„Wee si mir dann als Lëtzebuerger, engem, deen aus engem Krichsgebitt geflücht ass, ze soen: Mir fannen, du häss besser zréckzegoen? Wat ass dat fir e Mënschebild oder wat fir e politescht Verständnis stécht hannert sou enger Ausso?“, freet sech an deem Kontext och de Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






