Och zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Journaliste mat Plainte konfrontéiert. Wat stécht hannert dësem Phänomen? Firwat ass et esou problematesch? A wisou ass hei nieft der Justiz och d’Politik gefuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass definitiv en Trend, deen do erkennbar ass – leider“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ a mengt domat Plainte géingt Journalisten a Medien. „Natierlech gouf et dat och fréier. Mee ech hu schonn den Androck, datt dat elo eng nei Qualitéit huet“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Duerch investigativ Recherchen a kritesch Analyse géif een deemno besonnesch Gefor lafen, verklot ze ginn – wat an der rezenter Vergaangenheet dann och méi dacks de Fall war.

Wann eng Plainte offensichtlech just Journalisten aschüchtere wëll, schwätzt ee vu sougenannten SLAPP-Kloen*. An esou Plainte kënne schonns eng Belaaschtung fir Journalisten an Editeure sinn: „Och wa mir zouversichtlech sinn, datt mir am Recht sinn, mussen sech awer een, zwee Leit aus der Redaktioun domat befaassen an Affekote mussen ageschalt ginn. An dat ass all Kéiers awer e weesentlechen Opwand u Ressourcen, also besonnesch un Zäit a Suen“, erkläert de Christoph Bumb.

„Well grad dat ass jo Zil vun esou Kloen: Datt e Medium sech mat esou Plainte beschäftegt an net mat weidere Recherchen, an aus der Perspektiv vun deene Persounen, déi déi Plainte maachen, am léifsten och net méi mat Recherchen, déi si betreffen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Do wier et „wichteg, sécherzestellen, op wéi engem Niveau och ëmmer, datt déi Saach do net aus der Balance geréit.“

En Usaz wier do d‘Anti-SLAPP-Direktive vun der EU, wou wesentlech Prinzippien dran enthale wieren. „Dozou gehéiert, datt wann een d’Press virun esou missbräuchleche Kloe wëll schützen, da muss séchergestallt sinn, datt am Fall, wou si viru Gericht Recht kritt, dann och e Groussdeel vun hire Käschte rembourséiert kritt“, erkläert de Journalist.

D’Justizministesch Elisabeth Margue schafft aktuell um Projet de loi, fir déi Direktiv a nationaalt Recht ëmzesetzen. Deen Text soll am Hierscht deposéiert ginn a soll op verschidde Punkte méi wäit goen. De Christoph Bumb begréisst dat, bleift awer skeptesch, bis deen Text wierklech virläit. „Ech hu schonn den Androck, datt d’Ministesch d’Wichtegkeet vun deem Gesetz unerkennt. Op si an déi aner Politiker sech awer dem aktuellen Trend bewosst sinn, a wat dat fir Journalisten a Medien all Kéiers ganz konkret bedeit, dat woen ech ze bezweifelen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


*D’Ofkierzung SLAPP staamt aus dem Engleschen a steet fir „Strategic lawsuit against public participation“.


Méi zum Thema