Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
„Et probéiert een, en normale Walkampf ze portraitéieren, deen net besonnesch normal ass“, seet de Philip Crowther. De Korrespondent vun der „Associated Press“ schwätzt am Podcast „On the Record“ iwwer déi politesch Situatioun virun de Wale vum 5. November. D’Course em d’Wäiss Haus wär sou oppen an de Walkampf sou polariséiert wéi wuel nach ni an den USA.
Den Donald Trump gi mer net lass, den Donald Trump ass eng Realitéit vun der amerikanescher Politik.“Philip Crowther
Deemno ass och eng Victoire vum Donald Trump net onwarscheinlech. De Philip Crowther mécht sech iwwer eng nei Amtszäit vum Republikaner keng Illusiounen. „Den Donald Trump huet déi éischte Kéier gewisen, datt hien op mannst probéiert, dat ze maachen, wat hie versprach huet“, sou de Journalist, deen zu Lëtzebuerg och fir „RTL“ a „Radio 100,7“ bericht. Dee Constat géif notamment fir d’Relatioun mat der NATO, den Ukrain-Krich oder och fir d’Klimapolitik gëllen. „Dat wäert rëm e Schock gi fir eis Europäer.“

Am Gespréich mam Chefredakter vu Reporter.lu, Christoph Bumb, schwätzt de Philip Crowther och iwwer den déifgräifende Wandel vun der politescher Kultur an den USA. Hie gesäit eng gewëss „Normaliséierung vum Trumpismus“, fir déi och d’US-Medien eng Responsabilitéit droe géifen.
De Kär vum Trump sengem Message wär nach ëmmer ee populistesche Vote géint den Establishment. „Dee Vote gëtt et och dës Joer erëm ze gewannen“, sou de Philip Crowther. An awer dierft een net vergiessen, datt den Ex-Präsident nach ëmmer Walen an domat „de ganzen demokratesche System a Fro stellt“.
Et ass en immens schwéiere Walkampf fir d’Kamala Harris, well si probéiert eppes ze maachen, wat bal onméiglech ass.“Philip Crowther
D’Kandidatin vun den Demokraten, Kamala Harris, géif natierlech probéieren, ëmmer erëm un d’Gefor ze erënneren, déi den Donald Trump fir d’US-Demokratie bedeit. An hir Nominatioun hätt och direkt ee gewëssen „Enthusiasmus“ an hirer Partei ausgeléist. Mee op dat eleng duer geet, ass fir de Philip Crowther alles anescht wéi sécher.
„Et ass en immens schwéiere Walkampf fir d’Kamala Harris, well si probéiert eppes ze maachen, wat bal onméiglech ass“, sou de Journalist. An zwar: D’Kandidatin vum Renouveau ze sinn, obwuel si 4 Joer un der Säit vum Joe Biden un der Muecht war. D’Fro wär um Enn och, ob d’Amerikaner des Kéier dann enfin bereet sinn, fir d’éischt Kéier eng Fra zu hirer Präsidentin ze wielen, sou de Philip Crowther nach. Virum Hannergrond vun dësem spezielle Walkampf wär dat allerdéngs absolut onkloer.
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



