D’Regierung wëll iwwer eng Reform vum Pensiounssystem schwätzen. Wat sinn d’Grënn fir deen Timing? Gëtt et e Konsens an der Gesellschaft? A firwat si lo d’Grenze vum Wuesstum en Thema? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E Sujet, deen am Superwaljoer keng Roll gespillt huet soll lo am Hierscht déi politesch Agenda bestëmmen. De Premier Luc Frieden wëll eng breet Debatt, mee d’CSV-DP-Koalitioun huet keng eege Piste virgeluecht. Si geet domat e politesche Risiko an, mengt de Pit Scholtes am Podcast „Reporter On the Record“. „Wann déi Diagnos sou akut ass, da muss och eppes gemaach ginn“, seet de Journalist vu Reporter.lu.

Gewerkschaften a Patronat waren am Wirtschafts- a Sozialrot net fäheg, eng gemeinsam Positioun auszeschaffen. Dorop hat de Premier awer gesat. Den Debat ass sou schwiereg, well et och ëm de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell geet, sou nach de Pit Scholtes. De Wuesstum aus den 1980er an 90er Jore wéist sech nämlech lo am Pensiounssystem. En änleche Wuesstum weider ze hunn, halen vill Acteure fir net realistesch. „Et ass schonns beandrockend, datt elo d’Grenzen vum Wuesstum am Debat ukomm sinn, wou deen dach déi läscht 20 bis 30 Joer als alternativlos duergestallt gouf“, seet de Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema