De Luc Frieden huet seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Wéi sinn seng Annoncen anzeuerdnen? Wéi gesäit et mat der Géigefinanzéierung aus? A wéi huet de Premier sech rhetoresch geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat dote gëtt sportlech, well do stécht den Däiwel am Detail”, seet de Pit Scholtes a mengt domat dem Luc Frieden seng Annonce vun engem nationaale Bautereglement. Fir de Journalist vu Reporter.lu stellt sech nämlech am Hibléck op d’Gemengenautonomie d’Fro, wéi dat an der Praxis soll ëmgesat ginn. Dat selwecht géing fir d’Mobiliséierungssteier gëllen, déi de Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun zwar erwäänt hätt, mee net d’Grondsteier-Reform, déi awer domat géing zesummenhänken, sou der Pit Scholtes „am Podcast „On the Record”. Vill Froen zur Ëmsetzbarkeet géingen sech och bei de Prinzippien „Silence vaut accord” a „Once only” stellen.

Fir de Pol Reuter stellen sech dann awer och Froen, wéi déi nei Regierung bei der Energietransitioun an der Elektromobilitéit virukomme wëll. „Déi eenzeg Mesuren, wou et ëm Aspuerunge gaangen ass, waren am Klimaberäich, seet de Journalist vu Reporter.lu a bezitt sech dobäi op de „Klimabonus Mobilitéit”, wou verschidde Subsiden erofginn oder ewechfalen. „Wann de Luc Frieden seet, d’Zil vu méi Elektrovëloen am Verkéier wier largement areecht, da freet en sech schonn, wéi eng Visioun vu Lëtzebuerg een dann do huet”, sou de Pol Reuter.

D’Aart a Weis, wéi de Luc Frieden säin éischten „Etat de la nation” virgedroen huet, hu béid Journalisten als niichter, strukturéiert a manner emotional empfonnt wéi d’Riede vum Xavier Bettel an de leschte Joren. „Doduerch waren se awer och bürokratesch, éischter wéi eng geschwate Powerpoint-Presentatioun vun de Regierungsziler”, fënnt de Pit Scholtes. De Pol Reuter hält dem Luc Frieden awer zegutt, datt am Verglach mam Xavier Bettel an dëser Ried vill méi konkret Inhalter enthale waren.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema