Frankräich huet gewielt. A wéi et elo weidergeet, ass ongewëss. Wéi ass d’Resultat vum zweete Waltour anzeuerdnen? Wéi eng Optioune ginn et elo? A wat bedeit dat alles fir de President Emmanuel Macron? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Datt dee Front Républicain gehalen huet an eng Victoire vum Rassemblement National konnt verhënnert ginn, ass haaptsächlech deene lénke Wieler ze verdanken, déi méi konsequent waren wéi anerer.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ a mengt domat d’Walverhale beim zweeten Tour vun de Neiwalen a Frankräich. „Exit poll“-Ëmfroen hätte gewisen, datt vill Wieler, déi am éischten Tour lénks gewielt hunn, sech am zweeten Tour fir e Kandidat vun der Mëtt decidéiert hunn, wann si de Choix tëscht sou engem an engem vum Rassemblement National haten, erkläert de Journalist vu Reporter.lu.
Datt de Rassemblement National beim zweeten Tour just nach op déi drëtt Plaz koum, soll awer net heeschen, datt een d’Partei kann als Verléierer ugesinn, fanne souwuel de Pol Reuter wéi och de Luc Caregari. „Dem Marine Le Pen seng Chancen, 2027 Presidentin ze ginn, si grouss a si wäerten nach méi grouss ginn“, seet de Luc Caregari. Dem Emmanuel Macron säin „Experiment“ gesäit hien als gescheitert un.
Datt elo vill Politiker, och zu Lëtzebuerg, virun allem virun enger Gefor vu lénks warnen, fanne béid Journaliste bedenklech. „Deen Discours ass insofern scho geféierlech, andeems e béid Borde quasi gläichstellt“, seet de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu




