Déi nächst Woche wielen d’Fransousen en neit Parlament. Kann de Plang mat de Neiwale fir de President Emmanuel Macron opgoen? Wéi en Impakt kann dat Walresultat op Europa hunn? An wéi een op Lëtzebuerg? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„E Blocage a Frankräich bedeit e Blocage an Europa“, seet de Pol Reuter. Gréisser Reformen op EU-Niveau wäerten net méi méiglech sinn, wann et no de Neiwalen zu enger „Cohabitatioun“ tëscht dem President Emmanuel Macron an enger Majoritéit vum „Rassemblement National“ (RN) an aner rietse Parteie géing kommen, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Falls de „Rassemblement National“ no de Wale wierklech de Premier géing stellen, da wier mat Chaos am Staatsapparat ze rechnen, seet de Luc Caregari. Mee och wann den Emmanuel Macron ënnert den anere Parteien sech muss e Partner sichen, kéint och dat chaotesch ginn. „Iwwert dem Emmanuel Macron schwieft en Damoklesschwäert, insofern war d’Opléise vum Parlament an d’Ausruffe vun Neiwale schonn e wansinnege Move“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Den Emmanuel Macron huet eng äiskal neoliberal Politik gemaach, an dat mam Briecheisen. An wann’s de esou eppes am Frankräich mëss, dann hues de den RN virun der Dir sëtzen“, äntwert de Luc Caregari op d’Fro, wéi et esou wäit komme konnt. De Pol Reuter bréngt an deem Kontext och d’Roll vun de franséische Medien an d’Spill an – mat Bléck op déi no Grenzregioun – och den Impakt vu Lëtzebuerg op d’Situatioun am Nopeschland.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema