D’Europawale sti virun der Dir. Wat ass aus deem Walkampf hänkebliwwen? Wéi eng Parteie konnten Akzenter setzen? A wéi hunn sech d‘Kandidate fir e Posten an der EU-Kommissioun geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D‘Parteien zu Lëtzebuerg schéngen Europapolitik am Zweifel mat abstrakten an austauschbare Proposen ze formuléieren. An dat mécht et fir vläicht ondecidéiert Wieler natierlech vill méi schwéier, fir do eng fundéiert Wal ze treffen.“ Dat seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record”. De Chefredakter vu Reporter.lu stellt fest, datt déi „Inhaltsaarmut“, déi et bei Walkämpf zu Lëtzebuerg ëmmer nees gëtt, dës Kéier nach méi akut ass.

Déi eenzeg Kontrovers, déi aus dem Walkampf hänke bliwwen ass, war d’Fro ëm d’Positioun vu Lëtzebuerg bei der Eestëmmegkeet a Steierfroen. Donieft war am Walkampf d’Fro, wien no de Walen e Posten an der EU-Kommissioun kritt, en Thema. „Dem Christophe Hansen seng ganz Karriär ass drop ausgeluecht, fir zu Bréissel oder Stroossbuerg Politik ze maachen an et wäert interessant ginn, ze gesinn, op d’Wieler och där Meenung sinn“, seet de Christoph Bumb.

De Match ëm de Posten an der Kommissioun wäert awer réischt no de Wale gemaach ginn. An do ass net auszeschléissen, datt de Nicolas Schmit och eng Roll wäert spillen, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. „A warscheinlech wäerte mir dann och déi éischte Kéier gesinn, wéi e Poids de Premier Luc Frieden op EU-Niveau huet an op e säi Wonschkandidat, de Christophe Hansen, dann duerchgesat kritt“, sou de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema