A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengen? A wéi stinn d’Chance vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Grad déi Sujeten, déi dës Kéier virun den Europawalen thematiséiert ginn, sinn net dem Nicolas Schmit seng Sujeten“, seet d’Charlotte Wirth. Fir de Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate wier et dofir schwéier, am Walkampf ze punkten. Do géinge méi riets Theme wéi Migratioun oder Defense dominéieren. An dat wieren traditionell Theme fir eng EVP an net fir den LSAP-Politiker Nicolas Schmit, dee méi fir e soziaalt Europa steet, sou d’Journalistin am „Podcast „On the Record“.

De Christophe Hansen vun der CSV sengersäits géing „gutt pokeren“ an hätt dofir och Chancen op e Posten an der EU-Kommissioun, „dee vläicht méi ass wéi Fëscherei-Kommissär“, mengt d’Charlotte Wirth. Datt de Christophe Hansen elo kloer Positioun par Rapport zu rietspopulistesche Parteien, an och zu der ADR, bezunn huet, schätzt d’Charlotte Wirth schonn als e strategescht Virgoen an. „Ech mengen, datt ënnerhalb vun der EVP déi Lëtzebuerger Politiker sech vun deem Schielen no riets e bëssen ofgrenzen an sech do méi an der Mëtt positionéieren“, sou d’Journalistin, déi zu Bréissel wunnt a schafft.

D’Charlotte Wirth erwaart sech zu Lëtzebuerg keng grouss Iwwerraschung bei dësen Europawalen. D’Tendenz schéngt kloer: Déi Gréng verléieren an déi riets Parteie gewannen. „D’Fro aus Lëtzebuerger Siicht ass, wou deen zweete Sëtz vun der DP higeet – nees zréck bei d’CSV, bei d’Sozialisten oder dach bei eng ADR. Datt déi Liberal dee Sëtz kënnen halen, datt ass kloer, datt dat net wäert fonctionéieren“, leet sech d’Journalistin fest.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema