D’Lëtzebuerger Politik ass an der Summerpaus. Mee d’Caritas-Affär impaktéiert och d’Regierung. Wat ass d’Roll vum Premier an deem Dossier? A wat steet no der Rentrée um politeschen Ordre du jour? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Am Summer dréit d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg traditionell méi lues. Dëst Joer ass dat awer e bëssen anescht, wat virun allem un der Caritas-Affär läit. „Datt déi ageschloen huet wéi eng Bomm, dat hänkt natierlech mat hirer Envergure zesummen“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Fir de Chefredakter vu Reporter.lu stellen sech an deem Kontext dann och eng ganz Rei Froen zur Responsabilitéit, virun allem bei der Gérance vun der Fondatioun a bei de Banken.

Mee et géing och eng politesch Responsabilitéit ginn. An do wier et interessant, datt de Premier Luc Frieden d’Affär gewëssermoossen zur Chefsaach erkläert hätt. „Dat ass jo a priori en Zeeche vu Leadership – e Wäert, deen dem Luc Frieden jo ganz wichteg ass. Mee dat heescht awer och, datt de Luc Frieden och an der Responsabilitéit ass, sollt sech erausstellen, datt et hei vläicht och Versäumnisser vu Staat, Ministeren oder Regierung goufen“, sou de Christoph Bumb.

Wat Zäit nom Summer ugeet, do ass de Christoph Bumb gespaant, wéi d’Debatt ëm eng méiglech Pensiounsreform oflafe wäert a wéi sech do dann och d’Regierungsparteie positionéieren. Donieft dierft interessant ginn, wéi no all deene Mesurëpäck vun der Regierung deen nächste Budget wäert ausgesinn an, wéi si de Prinzip „Once only“ ëmsetze wëll. „Dat kléngt banal, mee ech géing soen, datt dat scho bal déi gréisst a schwéierst Reform vun dëser Regierung ass an eng, un där se och herno gemooss wäert ginn“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema