Wie ka mat wiem a virum allem mat wéi engen Inhalter? D’Differenze bei der Steierpolitik an der Aarbechtszäit gi lo däitlech. Wéi kompatibel sinn d’Parteien an deene Sujeten, déi am Walkampf ervirstiechen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Walkampf huet mat kämpfen ze dinn“, seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu. An dee Walkampf ass an de leschten Deeg méi intensiv ginn. Grad d’Steieren an d’Aarbechtszäit goufe vill diskutéiert. Den Accent vun der CSV läit op „méi an der Täsch“ fir jiddereen, wärend Blo-Rout-Gréng un hirem Projet vun der Individualiséierung an domat dem Ofschafe vun de Steierklasse festhält.
Béid Propose kaschte mindestens ëm eng Milliard Euro. Et wier awer guer net kloer, wéi sou Reforme solle finanzéiert ginn, wann net iwwer Scholden, betount de Pol Reuter. An der Fro vun der Staatsschold géifen d’Parteien awer alleguerte lo méi Flexibilitéit weisen, seet de Journalist vu Reporter.lu.
Eng CSV hätt an der Steierpolitik awer trotzdeem vill Iwwerschneidunge mat enger DP an och mat enger LSAP. Déi Gréng wieren do nach méi flexibel, seet de Christoph Bumb. Beim LSAP-Versprieche vun enger Aarbechtszäitverkierzung ass hien awer skeptesch: „Ech géif d’Prognos woen, egal wéi eng Regierung zustane kënnt an d’LSAP wier do dobäi, datt et net zu enger Reduzéierung vun der Wochenaarbechtszäit kënnt, mee vläicht éischter zu enger Erhéijung vum legale Congé.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




