De Staatsrot ass ee wichtegen, ma och ee kontroversen Deel vum politesche System. Ass de Fonctionnement vun der Institutioun nach zäitgeméiss? A wéi geet si mat Interessekonflikter vun hire Memberen ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Verdéngt Parteimemberen, héich Staatsbeamten, Acteure vun der Finanzplaz: Net all Mënsch ka Member vum Staatsrot ginn. Fir déi meescht Membere vun der Institutioun, déi Gesetzer préiwen a besser maache soll, ass d’Mandat och net den Haaptjob. Datt et do oft zu Interessekonflikter komme kann, ass deemno net iwwerraschend. An awer ginn et verschidde Fäll, wou déi Interessekonflikter ze offensichtlech an domat problematesch sinn. Dat weist eng rezent exklusiv Recherche vum Charlotte Wirth fir Reporter.lu.

De Problem wier virun allem, datt de Staatsrot sech ganz eleng ëm sou Konflikter a méiglech Reegelverstéiss këmmere wëll, seet d’Journalistin am Podcast „On the Record“. Am Staatsrot géifen „kloer Transparenzregeln“ feelen, déi et erlabe géifen „och vu baussen en onofhängege Bléck“ op d’Integritéit vun de Membere vum „Conseil d’Etat“ ze werfen, sou d’Charlotte Wirth. Domat géif am Fong just nach de Wee vu journalisteschen Enquête bleiwen, fir déi Transparenz hierzestellen. Well sos géif d’Ëffentlechkeet am Zweiwel näischt vu sou interne Kontroverse matkréien.

D’Charlotte Wirth schwätzt am Podcast och iwwer konkret Beispiller vun Interessekonflikter am Staatsrot. Dozou gehéieren engersäits Membere mat enke Lienen zum Finanzsecteur oder héich politesch Beamten. Ee besonnesch eklatant Beispill ass dat vum Ex-LSAP-Minister Lucien Lux, dee parallel zu sengem Mandat am Staatsrot iwwer eng Rei Entreprise mam Geschäftsmann Flavio Becca liéiert ass.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema