Wat ass vum éischte Budget vun der neier Regierung ze halen? Wéi eng politesch Akzenter setzt Schwaarz-Blo domat? A wat geschitt, wann d’Rechnung um Enn net opgeet? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„An engem gewësse Sënn ass et e Glécksspill, wat d’Regierung hei mécht. Am Poker géing ee soen, d’Regierung geet ‚All in‘, awer ‚All in in the Dark‘, also ouni, datt een déi eege Kaarte kennt.“ Dat seet de Christoph Bumb iwwert de Budget vun der neier Regierung vun CSV an DP. „An de nächste Méint a Jore wäerte mir gesinn, op déi Strategie opgeet oder op d’Regierung, fir bei deem Verglach ze bleiwen, sech iergendwann muss nei an d’Spill akafen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

D’Regierung setzt op eng moderat Relance vum Wirtschaftswuesstem. „Kënnt déi Relance, da kann d’Rechnung opgoen. Kënnt déi Relance net, da wäert d’Regierung u wierklech massive Spuermesuren net dolaanscht kommen“, seet de Christoph Bumb. Well D’Lag vun de Staatsfinanze wier zwar net esou schlecht, wéi nach virun e puer Méint geduecht, mee awer ëmmer nach schlecht, sou de Journalist.

„Insgesamt baséiert de Budget op der Hoffnung, datt d’Steierrecette wesentlech an d’Luet ginn. An déi Hoffnung, déi jo zu Lëtzebuerg Traditioun huet, hänkt natierlech un der wirtschaftlecher Entwécklung“, erkläert de Christoph Bumb. „Dat steet a fält domat, op déi Prognosen, déi elo gemaach goufen, sech herno och realiséieren. An dofir muss een elo och kritesch trennen tëscht der Rhetorik, déi elo de Gilles Roth notzt, an déi mat der letzlecher Realitéit vergläichen, sou de de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema