Reporter-Podcast „On the Record“

Déi hausgemaache Flüchtlingskris

Foto: Mike Zenari

D’Recht op Asyl zu Lëtzebuerg gouf ageschränkt, Flüchtlinge schlofen op der Strooss. Wier déi Situatioun ze verhënnere gewiescht? Wéi eng Responsabilitéit dréit den Ausseminister Jean Asselborn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Säit Enn Oktober mussen eleng stoend Männer, déi zu Lëtzebuerg Asyl wëllen ufroen, sech op Waardelëscht androen, si kréien net méi direkt eng Plaz an enger Flüchtlingsstruktur. Den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn (LSAP) gëtt dofir vill kritiséiert. „De Wonsch hannert där neier Mesure ass, datt déi Leit entweder vum selwen nees ginn oder guer net eréischt heihinner kommen“, erkläert de Luc Caregari. „D‘Erfarung aus aner Länner géing awer weisen, datt dat net fonctionéiert“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Problem vun den iwwerfëllte Flüchtlingsstrukturen ass och e ganz aneren. Iwwer 2.000 Leit, déi do liewen, hu schonn de Status vum internationale Schutz. Si kommen awer net aus der Struktur eraus, well si keng Wunneng fannen. „De Jean Asselborn sot dozou, datt dat och d‘Verantwortung vun deene Betraffenen wier, si hätten déi selwecht Rechter a Flichte wéi all Bierger am Land“, seet d’Fiona Kieffer. „Hien geet dobäi awer net drop an, datt déi Persounen ganz aner Hürden hu wéi aner Leit um normale Marché“, sou d’Journalistin vu Reporter.lu.

„Déi Kris, déi mer aktuell hunn, ass hausgemaach“, seet de Luc Caregari. „Et läit net drun, datt extrem vill Leit lo géinge kommen, et feelt u Koherenz an der Lëtzebuerger Immigratiounspolitik. An do wär natierlech och den LSAP-Minister responsabel: „De Jean Asselborn seet, hien hätt de ganze Summer mam ONA, dem Office National de l’Accueil, gestridden, fir eng aner Léisung ze fannen. Mee hien ass de Minister a domat Chef vum ONA. An hien huet hinnen ze soen, wéi eng d’Ziler erreecht musse ginn“, betount de Journalist. Et wier nach Sputt do, well et kéinte kuerzfristeg nei Strukturen opgemaach ginn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema