Iwwer 30 Gesetzer huet d’Parlament an der leschter Sëtzungswoch gestëmmt. Wat koum nach u Reformen duerch a wat ass leie bliwwen? A wat heescht dat fir d’Zukunft vu Blo-Rout-Gréng? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Stëmmung an där leschter Chamberwoch war wéi eng Mëschung aus Prüfungsstress an de leschten Deeg virun der grousser Vakanz, seet de Journalist Gilles Siebenaler. An tatsächlech sinn d’Deputéiert vu lo bis an den Oktober am Congé. En Hauch vu Walkampf wier awer schonn ze spiere gewiescht.

De Bilan vu Blo-Rout-Gréng steet also lo fest. Deen ass duerchaus kontrastéiert – sief et am Logement oder bei de Gesellschaftsreformen. An trotzdeem deit sech un, datt DP, LSAP an Déi Gréng wéilte weider zesummeschaffen, seet de Pol Reuter. „De neie Projet wier dann e Remake vum Projet vun 2018“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. Et wier dann d’Chance fir d’Individualiséierung vum Steiersystem an d’Logementsreformen awer nach ëmzesetzen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema