Knapp 20.000 Leit hunn zwou Petitiounen zu LGTBQI an der Schoul ënnerschriwwen. Wat seet dat iwwert Biergerbedeelegung aus? Wéi notze Populisten dat Instrument fir Agendasetting? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Zanter zéng Joer ginn et déi ëffentlech Onlinepetitiounen an der Chamber. Wéi eescht d’Deputéiert an d’Regierung déi Uleies huelen, wier ganz ënnerschiddlech, seet de Pol Reuter. „Et gesäit een e gewëssenen Erfolleg vu Petitiounen, datt si iwwert den Agendasetting et an e Walprogram gepackt hunn“, mengt de Journalist vu Reporter.lu. Dat wier de Fall fir Sujeten wéi d’Besteierung vun Monoparentauxen oder Kannerbetreiung. „Beim Gros vun de Petitiounen ass et tatsächlech sou, datt Regierung seet ‚mir kucken dat‘, mee de facto gëtt de Regierungsprogram ëmgesat“.

Kritik gouf et un der Petitiounskommissioun, datt d’Fuerderung sexuell Orientéierung an Geschlechtsidentitéit an der Schoul net ze thematiséieren iwwerhaapt als Petitioun zougeloos gouf. Dat wëll et eng Diskriminéierung an e Verstouss géint Kannerrechter wier. Aner Petitiounen wieren tatsächlech op där Basis refuséiert ginn, betount de Pol Reuter. „Do stellt sech d’Fro vun der Kohärenz vun där Kommissioun“, seet hien.

„Et ass e ganzt kloert Ongläichgewiicht do, aus wéi enger politescher Richtung Petitiounen gestart ginn“, sou de Pol Reuter. Et wier eng Strategie vun der ADR fir Themen, déi polariséieren, oder hire Wieler wichteg sinn op deem Wee an d’Chamber ze bréngen. Dat deckt sech mat engem europäeschen Trend, datt populistesch Parteien direkt Demokratie fir hiren Agendasetting notzen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema