De Staatsrot stäerkt de Gewerkschaften bei Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten de Réck. Muss d’Regierung elo zréckrudderen? An hätt si mat enger anerer Approche dee Konflikt kënne verhënneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sonndesaarbecht, Ouvertureszäiten, Kollektivverträg, Mindestloun: D‘Regierung huet gläich e puer Chantieren am Aarbechtsrecht opgemaach, déi fir vill Kritik vun de Gewerkschafte suergen. „Et war u sech e Konflikt mat Uso“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“, well déi Reformpläng hätten och schonn am Koalitiounsaccord vun CSV an DP gestanen. „Et huet mech dofir iwwerrascht, datt d’Gewerkschaften net schonn zu deem Zäitpunkt gesot hunn, datt gëtt problematesch, mee dat hunn si du méi spéit gemaach“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Zesumme mam Laurent Schmit kuckt hien an dëser Podcast-Episod op dee ganze Sträit tëscht de Gewerkschaften an der Regierung zréck, wou et dës Woch en neie Moment gouf.

Zu de Gesetzestexter iwwer d’Sonndesaarbecht an d’Ouvertureszäiten am Commerce huet nämlech de Staatsrot seng Avise publizéiert – an huet sech dobäi op d’Säit vun de Gewerkschafte geschloen. „Wann ee weess, wéi vill Konfliktpotential do ass, wann ee weess, d’Gewerkschafte wëllen dat op kee Fall, da misst een sech awer vläicht e bësse besser uleeën“, seet de Laurent Schmit a bezitt sech do souwuel op déi generell Approche vun der Regierung wéi och op d’Texter u sech. „Well, dat geet jo och aus em Avis vum Staatsrot ervir, wann een sou vill Zäit hat, fir un engem Projet ze schaffen, da freet een sech awer, wéi kann dat esou amateurhaft formuléiert sinn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Et stellt een einfach fest, datt et um politesche Feigefill op ganzer Linn gefeelt huet“, fënnt dann och de Pol Reuter. Dat géing virun allem fir de Premier Luc Frieden gëllen, dee vun Ufank u mat sengem „Framing vum CEO“ dofir gesuergt huet, datt kloer wier, op wéi enger Säit – der Patronatssäit – hie géing stoen. „Et gëtt dofir och einfach keng Vertrauensbasis op Säite vun de Gewerkschaften“, seet de Laurent Schmit, fir deen d’Regierung an all dësen Dossieren „versot huet, e Konsens auszeschaffen“ an esou och dofir responsabel ass, datt „d’Situatioun esou verfuer ass“. Wéi et elo weidergeet, dat wäert sech dann nom 28. Juni weisen, wann OGBL an LCGB op d’Strooss ginn, an nom 9. Juli, wou de Luc Frieden d’Sozialpartner nach eemol wëll gesinn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema