Gëtt et eng „Methode Paulette Lenert“? Wat zeechent de Féierungsstil vun der Vizepremier- a Gesondheetsministerin aus? A wéi realistesch sinn hir Chancen, déi éischt Premierministerin am Land ze ginn? Dorëms geet et an der neister Episode vun „On the Record“.

War si virun de Walen vu 2018 nach just absolutten Insideren ee Begrëff, ass d’Paulette Lenert haut eng vun de wichtegsten, bekanntsten a laut Sondagen och déi populäerste Politikerin. An der Pandemie huet si niewent dem Premier de Krisemanagement geréiert. Mee gläichzäiteg gëtt säitdeem och ëmmer méi Kritik un hirer Politik geäussert.

Dobäi geet et oft och em de politesche Stil, deen de Christoph Bumb als „ontypesch fir eng Politikerin“ bezeechent. De Chefredakter vu Reporter.lu huet sech méi am Detail mat der „Methode Paulette Lenert“ beschäftegt. Hien beschreift d’Optriede vun der Gesondheetsministerin als „méi reflektéiert, méi zögernd a méi zeréckhalend“. Dat wär ee Stil, dee bei ville Leit gutt unzekommen schéngt, mee deen awer net ëmmer mat der Realitéit vum politesche Geschäft kompatibel wier.

Wat ass vum politesche Stil vum Paulette Lenert ze halen? Domat setzen sech d’Isabel Scott an de Christoph Bumb am REPORTER-Podcast „On the Record“ auserneen.

 

„On the Record“ mam Isabel Scott ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema