D’Regierung geet mat gudde Virsätz an dat neit Joer. Wéi kéint dee vum Premier annoncéierten „Neistart“ ausgesinn? Wat ass 2026 an der Lëtzebuerger Politik, ma och geopolitesch ze erwaarden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Ech hunn den Androck, datt dës Regierung e bëssen ze schematesch virgeet. Sou à la: Mir haken dat of, wat mir eis Enn 2023 virgeholl hunn a da muss dat mol wierken a da maache mer herno de Bilan“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Mee et géinge Beräicher ginn, do misst een och an der Lag a bereet sinn, politesch méi kuerzfristeg ze reagéieren. An do ass de Chefredakter vu Reporter.lu awer éischter skeptesch. „Deen eenzege Kompass vun der Regierung ass de Koalitiounsaccord. Mee ech mengen, datt een sech vun enger Regierung och erwaarde kann, datt si sech un d’Realitéiten am Land an op der Welt upasst“, sou de Christoph Bumb.

An dëser Episod blécken hien an de Pit Scholtes op dat, wat dat neit Joer mat sech brénge wäert. An do ass virop d’Steierreform ze nennen, déi de 6. Januar soll presentéiert ginn a wou sech awer nach eng Rei Froe stellen. „Also déi Reform wäert deposéiert, mee da läit se mol bei der Chamber. An da waarde mir mol déi wirtschaftlech Entwécklung of“, mengt de Pit Scholtes. „Et gëtt nämlech ëmmer méi schwéier, déi budgetär Mehrausgaben, déi dës Steierreform generéiert, nach ze legitiméieren an deem wirtschaftleche Kontext an deem mir eis beweegen“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pit Scholtes an de Christoph Bumb schwätzen an deem Kontext och iwwer déi nach ëmmer schwiereg Situatioun beim Logement, den héije Chômage an dee wéinege Wuesstem beim Emploi a säin negativen Afloss op de Finanzement vun der Gesondheetskeess. Déi zwee Journaliste blécken awer och iwwert d’Grenze vu Lëtzebuerg ewech an erwaarden sech do am Debat ëm den Ukrainkrich méi Éierlechkeet vun de Politiker.

De Pit Scholtes stéiert do nämlech sech un enger „vorauseilender Selbstverzwergung“ a seet: „Lëtzebuerg ass zwar e klengt Land, mee mir si jo net aleng. A vläicht brauch et do méi Selbstbewosstsinn, wann ee kuckt, wat munch europäesch Länner bei der Ënnerstëtzung vun der Ukrain geleescht hunn.“

„Éierlechkeet géing jo och bedeiten, einfach mol ze soen: Russland ass am Fong keng Gefor, wann Europa sech opstellt, wéi een sech misst opstellen“, fënnt de Christoph Bumb. „Mee ech hunn nach ëmmer meng Zweifel, op Europa, op déi europäesch Leaderen elo verstanen hunn, wat eng onofhängeg Baussen-Sécherheetspolitik wierklech bedeit a wate en dofir muss maachen, notamment déi eege Leit matzehuelen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema