No enger Sozialronn ouni Accord wëll d’Regierung elo hir Verantwortung iwwerhuelen. Wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Wat fir d’Pensiounsreform? An hunn CSV an DP sech hei politesch clever ugeluecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et kann een et politesch nach esou schéi rieden, et ass letzlech e Scheiteren“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ zur Sozialronn dës Woch, deen ouni schrëftlechen Accord op en Enn koum. „A wann de Luc Frieden elo seet, d’Regierung géing hir Verantwortung iwwerhuelen, da kléngt dat vläicht politesch staark, no engem Leader, deen elo dat mécht, wat muss gemaach ginn. Mee et ass politesch net ganz clever, well domat verpflicht een seng Verhandlungspartner net zu deem, wat do 40 Stonne laang beschwat gouf“, sou d’Analys vum Chefredakter vu Reporter.lu.

„Et ass en enorme politesche Schued ouni Resultat, wat een esou einfach hätt kënne vermeiden, an dat ass einfach erschreckend“, seet sengersäits Laurent Schmit, deen och d’Propose vun der Regierung fir eng Pensiounsreform kritesch gesäit. „Lo huet een eng Iwwergangsléisung, mat där een sech dräi, véier Joer rett, mee wéi eng wierklech Léisung fir den eigentleche Probleem kéint ausgesinn, ass nach vëlleg oppen.“ Domat mengt de Journalist vu Reporter.lu och den Emploi, deen zu Lëtzebuerg säit dräi Joer stagnéiert.

Déi ganz Pensiounsdebatt wier leider „ënnerkomplex“ gefouert ginn, seet och de Christoph Bumb. „Éier déi Debatt iwwerhaapt usazweis substanziell gefouert konnt ginn, huet de Luc Frieden se schonn ofgeschloss mat senger Ried zur Lag vun der Natioun. Dat gouf zwar dono nees relativéiert, mee den Debat gouf ni wierklech an der Déift gefouert.“ An dat misst een der Regierung och reprochéieren.

Déi Approche géif sech och beim ganze Sozialdialog weisen: „De Luc Frieden seet ëmmer nees, wéi wichteg den Dialog a Kompromisser an enger Demokratie sinn, mee hien handelt awer dann net no senge Wieder“, sou de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema