De „Projet Alpha“ steet an de Startlächer. Mee nach vill Froe sinn oppen. Wéi ass d’Virgoe vun der Politik hei ze beurteelen? An wéi stéchhalteg ass d’Kritik un der Reform vun der Alphabetiséierung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Natierlech ass den aktuelle System op Lëtzebuerger Schüler ausgeriicht an all Ännerung gëtt als potenziell Verschlechterung wouergeholl“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Hien bezitt sech dobäi op de „Projet Alpha – Zesumme wuesse“, also der Alphabetiséierung op Franséisch, déi ab der Rentrée 2026 an alle Grondschoule soll ugebuede ginn an ab September 2027 déi éischt Schüler direkt betreffe wäert. „Dat dës Reform ville Leit Suerge mécht, kann ech novollzéien. Mee wat ass eng wierklech Alternativ?“, freet sech de Journalist vu Reporter.lu.
De Pol Reuter erkläert an dëser Episod nach eemol, wéi dee Projet konkret soll ëmgesat ginn, wéi e Stellewäert dem Lëtzebuergeschem ageraumt gëtt a wéi vill Froen sech weiderhin um organisatoresche Plang stellen. Hien geet awer och op de politesche Volet an, wou d’ADR offensichtlech de Konfliktpotential vun dëser Reform erkannt huet an entspriechend kommunizéiert. De Minister sengersäits huet vergläichsweis wéineg kommunizéiert. An dat ass fir de Pol Reuter och en Deel vum Problem.
„Dat hei ass alt nees e Beispill, wéi de Claude Meisch Politik mécht. Kritik sëtzt hien einfach aus“, seet de Journalist vu Reporter.lu. „Mee doduerch, datt hien hei esou spéit d’Ëffentlechkeet informéiert huet, huet hien de Wee opgemaach fir d’ADR, datt si hiren Discours ka féieren. Op de Minister déi Gefor ënnerschat huet, weess ech net, mee hien huet se zumindest a Kaf geholl“, fënnt de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



