Den Inneminister Léon Gloden huet säin Text fir en nationaalt Bautereglement virgeluecht. Wat steet do dran? Gëtt et de grousse Versprieche gerecht? A wéi vill Autonomie behalen d’Gemengen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

E Paradigmewiessel: Net manner versprécht d’Regierung mat hirem eenheetlechen nationale Bautereglement. Den Text, deen den Inneminister Léon Gloden (CSV) elo virgeluecht huet, soll den 1. Januar 2028 déi 100 verschidde Reglementer vun de Gemengen ersetzen, jidderengem d’Liewe méi einfach maachen an dozou féieren, datt nees méi an och méi séier gebaut gëtt. „Ob dat grousst Versprieche kann agehale ginn, muss sech nach weisen, mee et muss aleng schonn als Succès consideréiert ginn, datt et dësen Text elo gëtt“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record. „Fakt ass, datt am Moment en Architekten- oder Etudebüro sech muss mat 100 verschidde Bautereglementer ausernee setzen a doduerch kënne Projeten einfach méi zäitopwänneg gi wéi mat engem eenzege Reglement“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pit Scholtes geet an dëser Episod dann och en Detail op dat an, wat duerch deen neien Text gereegelt soll ginn: d’Gréisst vun Zëmmeren a vu Fënsteren oder d’Héicht vu Plaffongen, awer och, wou Wäermepompelen dierfen installéiert ginn, wéi vill Beem musse geplanzt ginn an a wéi enger Form nach Steengäert erlaabt sinn – wat alles och relevant virum Hannergrond vun der rezenter Hëtztwell ass. De Journalist bléckt awer och dorop, wéi dat neit Reglement entstanen ass, a beurteelt, wéi vill Autonomie de Gemengen an Zukunft nach bleift.

D’Gemengen hätten do schonn nach Méiglechkeeten, wat wou gebaut gëtt, well si dat iwwer de PAG an d’PAPen definéieren – wou elo och d’Prozedure vereinfacht ginn, erkläert de Pit Scholtes. An och soss géingen d’Gemengen hir Zoustännegkeet behalen, wou een dann nees beim grousse Versprieche wier: „En nationaalt Bautereglement mécht et natierlech méi einfach, an der Praxis landeswäit ze plangen. Ob awer elo doduerch wierklech méi gebaut gëtt, dat bleift ofzewaarden. Well nëmme wëll een neit Reglement gëllt, heescht dat jo net, datt d’Gemenge méi séier eng Autorisatioun musse ginn, déi Prozedur bleift jo di selwecht“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema