Reporter-Podcast „On the Record“

Wat bremst eng Demokratie-Reform?

Foto: Mike Zenari

No Wale gëtt gären iwwert de Walsystem diskutéiert, Ännerunge kommen awer ni. Firwat verleeft deen Debat ëmmer nees am Sand? Wien blockéiert sou Reforme fir méi Demokratie? A wat si méiglech Pisten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et muss een aus der Logik eraus: Eng grouss Demokratie-Reform ass just eng Fro vun der gewielter Politik. Et muss een e Wee fannen, datt déi ganzt Bevëlkerung an Zivilgesellschaft deen Debat matféiert.“ Dat seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, am Podcast „On the Record“. Zesumme mam Pol Reuter huet hien dës Woch op Reporter.lu „Zehn Thesen zur Erneuerung der Demokratie“ virgeluecht. Vum Walsystem iwwer Duebelmandater bis zur Territorialreform weisen déi zwee Journalisten dobäi Pisten op, wéi een d’Defiziter an der Lëtzebuerger Demokratie kéint behiewen.

Et ass eppes, wourun d’Politik an de leschte Joerzéngte gescheitert ass. Och, well si selwer direkt dovu betraff ass. „Wann een de System wëll reforméieren, huet een egal wéi Gewënner a Verléierer. Do huet sech bis elo zum Beispill d’CSV ëmmer géingt en eenheetleche Walbezierk gewiert. Well si ee vun de klore Verléierer vun sou eng enger Reform wier“, erkläert de Pol Reuter. Deen Eegeninteressi vu virun allem de grousse Parteien ass och fir de Christoph Bumb e kruziale Punkt: „Letztlech geet et jo awer net dorëms, wéi eng Virdeeler huet e Politiker oder eng Partei. Mee ëm d’Fro: Wéi stellt ee sécher, datt esou ee System sou legitim a representativ wéi méiglech ass an een och herno zu engem bessere Resultat kënnt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Wien representativ seet, dee muss och vum Auslännerwalrecht schwätzen. „Dat ass dee gréissten Demokratie-Defizit: Datt zu Lëtzebuerg bal d’Hallschent vun den Awunner kee Walrecht bei nationale Walen huet“, betount de Christoph Bumb. An och wann een de Referendum vun 2015 natierlech misst respektéieren, ännert dat näischt dorun, datt de Probleem nach ëmmer besteet. „D’Politik wäert och net dolaanscht kommen, dat an de nächste Joren nees ze thematiséieren, well deen Defizit esou offensichtlech ass“, sou de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema